Den 20. Mee ass an der Déiereklinik Krakelshaff no neie Bluttspender gesicht ginn. Eis Hausdéieren, ob Hënn oder Kazen, sinn och, genee wéi mir Mënschen, mol op eng Blutttransfusioun ugewisen. Nieft Explikatiounen iwwert dëst Thema hu mir och Temoignage vu Proprietäre vun Déiere kritt. Sandra Mélan

27/05/2025 Bluttspenden bei Hënn a bei Kazen (rtl.lu)

Genee wéi bei eis Mënschen, kënnen och d’Hënn oder d’Kazen an d’Situatioun kommen, datt si stënterlech op Blutt ugewise sinn. Dëst kann de Fall sinn, no engem Accident, bei enger Operatioun, eventuell bei Vergëftungen oder bei Krankheeten, Dr Pauline Jaillon:

Chez les chiens il y a deux groupes sanguins : c’est positif ou negatif et chez les chats il y en a trois : c’est A, B ou AB. Et donc il faut respecter à chaque fois le bon groupe sanguin pour les transfusions. C’est pour ça qu’on a besoin d’en avoir pas mal de donneurs qui viennent pour qu’ensuite ça se représente au niveau des poches et qu’on a un peu de chaque type de poche.

Net all d’Hënn an d’Kaze si gëeegent fir Blutt ze spenden. Gesond musse se sinn, d’Gewiicht an den Alter musse stëmmen. Bei de Muppen gëtt normalerweis och op déi méi entspaante Véierbeener zréckgegraff an d’Prozedur gëtt am Ufank lues ugefaange fir se drun ze gewinnen.  Dr Linda Weiland:

Dat ass ëmmer eppes wat een net preparéiert. Et ass wéi bei eis, bei de Leit. Et ass een Accident oder et ass eng Tumeur, déi blutt an da brauch een eng Bluttkonserv fir z’iwwerliewen. An dofir ass et wichteg, datt een einfach déi preventiv Aarbecht mécht, fir datt méi Déiere spenden, respektiv, datt méi Proprietäre wëssen, datt een dat ka maachen an datt mir genuch Blutt hunn, fir kënnen am Fall, wou een es brauch, dann ze ginn.

Hieren Deel dozou bäigedroen hunn ënner anerem d’Muppen vun dëse Proprietären.

Fir d’éischt ass et mol fir hie gutt, datt säi Blutt sech dann och ëmmer erneiert, zweetens datt hien engem aneren Hond ka säi Blutt ginn, deenen och d’Liewen ze retten. Wann e géif lo mierken, datt hie sech ganz onwuel géing fillen, géif ech soen, ok ech halen op. Mä bis elo hate mir nach ni e Probleem. Hien ass ganz "pflegeleicht" am Fong geholl sou.

Ech hunn d’Chance, aktuell si meng Zwee gesond. Wa mengem Hond eppes passéiert, sinn ech frou, wa Blutt do ass. Da fannen ech dat ganz normal, datt ech dat maache fir déi Aner.

Weider Informatiounen iwwer d’Bluttspende bei den Hënn an de Kaze fannt Dir op