
Zënter Mëtt Abrëll leeft d'Weltaustellung zu Osaka a Japan. De Lëtzebuerger Pavillon erfreet sech grousser Beléiftheet. Och a Saache Gastronomie gouf sech eppes afale gelooss. De Christian Schmit huet sech am Responsabelen vun der Restauratioun, dem Alain Hostert doriwwer ënnerhal, an dee verréit och wéi dat esou hannert de Kulissen ofleeft.
Jo den Alain Hostert huet Erfarung mat Weltaustellungen. Och zu Dubai war hien schonn de Coordinateur wat Restaurant a Kichen ubelaangt.Elo dann zu Osaka a Japan. Scho vurun 1 1/2 Joer hunn d'Preparativen heiheem an der Ecole Hotelière et de Tourisme Luxembourg zu Dikrech ugefaang, fir och di kulinaresch Rees ze preparéieren. 10 Schüler + 2 Enseignanten si nach permanent sur place. No der Visite vum Pavillon, ass dee leschten Akt dann dee vun der Gastronomie?
Schéi Gréiss aus Japan. Wann si da bei eis erakommen da kënne si nach e Stéck Lëtzebuerg entdecken. Andeems si traditionel lëtzebuergesch Plat'en z'iesse kréien déi een hei am Fong och kritt wann een zu Lëtzebuerg op e Fest geet oder e schéine Moment mat der Famill verbréngt.
An tëscht en agespillten Team!
Dat heescht mir hunn eisen eegene Metzler, deen op e puer honnert Meter frësch Grillwurschten all dag hirstellt . Mir hunn eis Bäckere font fir eist Brout ze kréien, jee all eis Produzente font fir eis traditionell Plat'en ze maachen, an dat vun der Grillwurscht, dem Gromperekichelchen, eng Feiersténgszalot, e Lëtzebuerger, also Luxemburger hu mir dat Ganzt genannt, an och eng Panoplie vun Desseren wou d'Leit kënnen entdecken, an et muss e soen et war am Ufank net einfach, mee elo ass et e Rodage ginn an et fonctionnéiert ganz gutt.


Lëtzebuerger Grillwurscht "made in Japan" fir eise Pavillon, an tëscht och mat Lëtzebuerger Moschtert dobäi. A sollt emol eppes feelen, d'Hëllefsbereetschaft ass grouss?
Mir hunn esou e Grupp vun all den internationale Pavillonen, meeschtens What's App Gruppen, a wann een Hëllef brauch da sinn déi all do an hëllefe wou ee kann. Do gesäit e wirklech den Zesummenhalt, déi Zesummenarbecht déi op esou enger Expo kann entstoen wou Connexiounen ka créeieren an esou engem Pavillon.
De Lëtzebuerger Dag mat als Eieregascht de Monseigneur le Grand-Duc ass mat Bravour gemeeschtert ginn. An iwwermuer fir de Lëtzebuerger Nationalfeierdag, och do eppes Spezielles geplangt?
Mir wäerten eis natierlech och fir de Nationalfeierdag eppes afale loossen. An dat sinn esou Klengegkeete beispillsweis wéi e gudde Lëtzebuerger Bâmkuch deen een ze schmaache kritt, e Macaron am rout wäiss blo an de Lëtzebuerger Faarwen, oder e Kichelchen an der Form vu Lëtzebuerg. Versichen ëmmer kleng Akzenter ze setzen, an esou och fir de Nationalfeierdag.
Ech hoffen iech geschwënn hei zu Osakak kënnen ze begréissen.

Interessant fir emol hanner d' Kulissen vum Pavillon zu Osaka dierfen ze luussen. An der nächster Stonn gi mir dann och eppes iwwer d'Motivatioun vun der Kichebragade mat de Schüler aus dem EHTL gewuer, a wéi gutt eis Lëtzebuerger Spezialitéiten a Japan ukommen. E puer Fotoen aus Japan déi ginn et schoon elo gLäich ze kucken. www.radio.rtl.lu