An der leschter Stonn ware mir zu Osaka a Japan. Jo dir wësst do leeft nach bis Mëtt Oktober d'Weltausstellung. De Grand-Duché huet och do säi Pavillon mat villen Attraktiounen. An och kulinaresch Spezialitéiten ginn do zerwéiert. Gromperekichelcher, Kniddelen, Lëtzebuerger Grillwurscht mat Moschter, awer och originell Desserten si gefrot, a natierlech Béier, Wäin a Crémant. Jee Häerz wat begiers du?

Responsabel fir d'Kichen an d'Restauratioun den Alain Hostert. 

De Christian Schmit hëlt eis nach eng Kéier mat an d'Kichen an de Restaurant vum Lëtzebuerger Pavillon.

21/06/2025 Gastronomie am Lëtzebuerger Pavillon (2. Deel mat Uso)

Dausende Visiteuren, an di offiziell Lëtzebuerger Delegatiounen mam Monseigneur le Grand-Duc, hu sech de Pavillon luxembourgeois op der Weltausstellung zu Osaka schonn ugekuckt. Vill Luef gëtt et fir eis Gastro-Team op der Plaz. Un éischter Stell di 10 Elèven aus dem EHTL an awer natierlech och den Enseignanten. 

D'Geheimnis vun der Lëtzebuerger Grillwurscht a Japan ass e Metzler vun Dresden dee fir Däitschland zu Osaka ass. Deen huet d'Rezept vun der beléifter Grillwurscht wonnerbar hikritt, an elo ass dat dee Renner?

An di 120 Grillwurschten hate mir a knaps enger Stonn verkaf. An du mir gesot dat do musse mir elo maachen, Grillwurscht dat ass eng Geschicht vu Lëtzebuerg, an elo ass e gerousse Succès. Mir sinn dacks op der Telé domat, um Radio, mir hu Leit déi scho moiies um 1/2 10 an der Rei do stinn fir direkt emol eng Grillqwurscht mat engem Béierchen zou sech ze huelen. dat heescht e klengt Stéck Létzebuerg mat ganz vill Succès a Japan. 

RTL

RTL

Mee di kulinaresch Kreatiounen gi wäit iwwer d'Wurscht eraus. Wéi grouss ass di Kichen am Pavillon iwwerhaapt?

Wéi grouss ass eis Kichen? Wa mir zu 4 Erwuessener do schaffen, dann hätte mir scho Problemer fir lanschteneen ze kommen. Mir hunn zwou Induktiounsnplaken dra stoen an zwee Schäffecher. 4 Leit stinn do niefteneen ze schaffen, a mir schécken all Dag eng 350-400 Grillwurschten do eraus, 60-100kg Gromperkichelcher, eng 120 Desserten, an eis Burgeren a Feietrstngszalot amt Brioche, déi limitéiere mir op 60-80 Stéck den Dag. An da kënnt natirlech d'Gedrënks nach dobäi.

Vill Studenten wären a Fro komm fir mat an Asien, mee et huet missten e Choix gemaach ginn. An déi di do sinn, erliewe vill, a gesi méi wéi just d'Weltausstellung?

RTL

Wat wichteg ass, déi hunn 2 Deeg fräi an der Woch a maachen och net méi wéi 8 Stonnen den Dag. A si entdecke Japan. Dat ass jo och wéi mir soen de Präiss fir 2 Deeg Japan ze entdecken ass 5 Deeg schaffen. A mir hunn der schonn déi si bis op Kyoto gaangen, déi ganz Ecken hei ronderëm hu si scho besicht. Si klammen an den Zuch a fuere lass. Di Schüler sinn am gaang eng Kultur mat ze huelen, a wéi mir hiren Eltere scho gesot hunn, dir gitt eis Kanner mat a mir bréngen iech Erwuessener zeréck. 

Bis Mëtt Oktober hutt dir nach d'Geleeënheet zu Osaka a Japan dobäi ze sinn, an dann och am Lëtzebuerger Pavillon bei der Ekipp vun der EHTL ze passéieren.

RTL
21/06/2025 Gastronomie am Lëtzebuerger Pavillon (2. Deel mat Uso)

E puer Fotoe vun der Plaz déi gesi mir op www.radio.rtl.lu