
© AFP
Mat 12 krut en Tuberkulos, mat 16 huet e Stëbssuckler verkaaft a mat 17 gouf e Papp. Deemools an de 1950er hätt wuel keen an der walisescher Klengstad Pontypridd geduecht, datt den Thomas Jones Woodward eng Kéier géif e Weltstar ginn. Haut feiert den "Tiger" säi 85. Gebuertsdag.
60 Joer sinn et hir, datt den Tom Jones mat "it's not unusual" Plaz Nummer 1 an de britteschen Charts eruewert hat. Et sollt den Ufank si vun enger laanger, erfollegräicher Karriär mat méi wéi 35 Singelen, déi et an d'Top 40 vun den UK Charts gepackt hunn.
Haut ass de Sir Thomas e Ritter vun der brittescher Kroun, Stëmmecoach bei de The Voice UK, an hie wëllt dat bescht maachen aus all Sekonn, déi him nach bleift. Och mat 85 Joer huet den Tiger nach ëmmer eng rise Fangemeinschaft. Ronn 30 Concerte sinn an den nächsten 3 Méint eleng an Europa geplangt.
D'Sexsymbol aus de 60er a 70er huet deemools, eegenen Aussoen no, mat 250 Fraen am Joer geschlof. Ënnerwäsch krit en entretemps awer just nach als Spaass op d'Bün gehäit. Trotz de villen Affäre war hien a sengem ganze Liewen awer nëmmen an eng eenzeg Fra wierklech verléift gewiescht: seng Fra a Jugendléift Linda.
An ëm déi grouss Léift soll souguer de King of Rock'nRoll hie beneit hunn, huet den Jones emol an engem Interview verroden. 59 Joer laang war d'Koppel Woodward bestuet, bis d'Linda 2016 u Kriibs gestuerwe war. Etlech Kéiere war den Tiger schonn ofgeschriwwe ginn - a konnt trotzdeem seng Karriär bis haut weiderféieren. Soulaang seng Stëmm nach matmécht, wäert de Mann aus Wales net an d'Pensioun goen.