Si war Kannerstar, TikTok-Sensatioun a steet haut un der Spëtzt vun der däitscher Museksszen: d’Nina Chuba. D’Sängerin steet den 18. Juni an der Rockhal op der Bün. Mee wéi ass et souwäit komm? Dat weess d’Céline Spithoven.
Mat 7 Joer fänkt hir Karriär als Schauspillerin un. „Die Pfefferkörner“ – eng Kannerserie, déi si bekannt mécht. Awer net d’Kamera, mee d’Musek ass et, wou hiert Häerz wierklech schléit.
2018 plënnert si op Berlin, hällt op mat der Schauspillerei a léisst sech komplett op d’Musek an. Hir éischt Lidder sinn op Englesch – mat Elementer aus Pop, Dancehall a Trap. Si probéiert aus, léiert, wiisst.
De groussen Duerchbroch kënnt 2022. Wildberry Lillet – eng Mëschung aus däitschem Rap a Pop – gëtt zum Hit. Social Media spillt eng Schlësselroll. TikTok mécht si bekannt, mä et ass hiren eegene Stil, deen si onverwiesselbar mécht.
2023 kënnt dat éischt Album: Glas. Kloer Texter, emotional Inhalter, vill Bass, mee och vill Éierlechkeet. D’Nina Chuba schwätzt iwwer Onsécherheeten, Drock, iwwer d’Sich no sech selwer a wat et heescht, jonk a bekannt ze sinn.
Mee si bleift net op der Plaz stoen. Mat der EP Farbenblind, déi 2024 erauskënnt, weist si eng däischter, méi no a verletzlech Säit. Déi Musek geet ënner d’Haut-
Si seet kloer: mental Gesondheet geet jiddereen eppes un. An dofir schwätzt si och driwwer an hirer Musek, an de soziale Medien an an der Ëffentlechkeet. Dat mécht si net just zu engem Museksstar, mee zu engem Mënsch, mat dem sech vill Jonker kënnen identifizéieren.
Dëst Joer geet et fir d’Kënschtlerin op eng grouss Arena-Tour. An den 18. Juni steet si dann och zu Lëtzebuerg op der Bün.