D’Organisateure vun der 16. Nuit du Sport vun dësem Samschdeg sinn de Service National de la Jeunesse zesumme mam Sportsministère. Bei der éischter Editioun 2009 hu 4 Gemenge matgemaach. Wéi d’Situatioun haut ass huet d’Sandra Mélan versicht erauszefannen.
Dëst Joer sinn et 49 Gemengen, déi op der Nuit du Sport gratis Aktivitéiten ubidden. Et ass owes, et kann awer plazeweis och schonn am Nomëtteg lass goen. Am Vierdergrond steet ee gesonde Liewenstil. Christian Mertens vum Service National de la Jeunesse:
«Ma d’Objektiver sinn, dass sech d’Leit am Fong beweegen, dass se raus kommen, dass se aktiv sinn, dass se Saachen ebe probéieren an och vläicht herno dobäi bleiwen a soen «Ok dat ass eppes wat ech mir méi laang kéint virstellen ze maachen. Einfach fir de Mouvement ze promouvéieren. »
Bei de ganz verschiddenen Aktivitéiten ass fir jiddereen eppes mat dobäi, op fir jonk oder fir manner jonk.
«Mir hunn eng Aktivitéit déi mir elo speziell an d’Ae gefall ass, dat ass den TôsôX. Et ass eng Aart Fitness mat Kampfsportelementer. Da ginn et natierlech och klassesch Saachen, déi ee kënnt: Mannschaftssportaarten an Eenzelsportaarten an et ginn awer och aner Sportaarten, déi villäicht net esou bekannt sinn, wéi den Qi-Gong, de Pickleball oder Indiaca och vläicht.»
D’Atelieren um Campus Geesseknäppchen an der Stad Lëtzebuerg ginn och vum SNJ koordinéiert. De Rescht vun den Aktivitéiten an der Stad gi fir déi 11. Kéier vu Streetsport vun der Asbl Inter-actions organiséiert. Miomir Vujovic:
«Mir hunn do de Lavalspark, dat ass zu Dummeldeng, dann hu mir Place Leon XIII um Kaltreis. Mir hunn och verschidde Privatveräiner oder Fitnesssäll. Do wäert et och Aerobic, Yoga statt fannen, zum Beispill. Mir hunn och natierlech op der Schläifmillen déi Kajaksaktivitéiten. Dat heescht do sinn op verschiddene Plazen, wou verschidden Aktivitéite wäerte stattfannen, haaptsächlech zu Bouneweg. An do gëtt et vu Capoeira, MMA, Box-Thai. Mir hunn Lacrosse, dat ass eng ganz nei Disziplin.»
Streetsport versicht am Allgemengen mat Hëllef vum Sport, d’Integratioun vun de Leit hei am Land ze fërderen a se zesummen ze bréngen.
«Mat de verschiddenen Aktivitéite gi Valeure vermëttelt, les valeurs humaines. Ech mengen hei zu Lëtzebuerg, hu mir lo och méi wéi 170 verschidden Nationalitéiten. «Le sport a le pouvoir d’unir les gens». An dat ass dat wat mir domat wëlle vermëttelen: Hautfaarf, Gewiicht oder "Orientation sexuelle". Dat ass nach eng Kéier een Zesummeliewen iwwert de Sport.»
Mat der Nuit du Sport besteet d’Méiglechkeet fir jiddereen Aktivitéiten auszeprobéieren, déi een eventuell scho méi laang interesséieren respektiv fir se nei ze’entdecken.
.
Op
ënnert Programme fënnt een all d’Gemengen, déi dëst Joer matmaachen an hir respektiv Atelieren.