
Se gesi flott aus a verspriechen Hëllef fir d'Wëllbeien & Co., mee bréngen Insektenhoteller wierklech eppes? A wa jo, fir wien?
Mr Science, iwwerall stinn dës Insektenhoteller mat Äscht a Bambusréiercher, an deenen Insekten niste sollen. Sinn déi eigentlech wierklech sënnvoll fir den Insekteschutz?
Mr Science: Insektenhoteller kënnen duerchaus e klenge Bäitrag zum Insekteschutz leeschten. Et kënnt ganz dorop un, wéi se gebaut a wou se opgestallt ginn – a wat fir eng Insekten ee fërdere wëll. Et gëtt mëttlerweil vill Studien, déi weisen, datt Insektenhoteller net all den Insekten hëllefen, mee just ganz bestëmmten Aarten – virun allem Wëllbeien, déi solitär liewen, déi also eenzel an net ewéi Hunnegbeien als Vollek optrieden. Ausserdeem hëllefen se Harespelen, déi gären an Huelraim nisten. [Staab et al. 2018; NABU-Check 2025]
Déi grouss Majoritéit vun de knapp 350 heemesche Wëllbeienaarte baut hir Näschter awer net a bestoenden Huelraim ewéi Stiller oder Réiercher, mee grueft se selwer an de Buedem – dacks op sandegen, oppene Flächen. An och bei Harespele benotzen nëmme bestëmmt Aarten ewéi Gruef- oder Leemharespele bestoend Huelraim. Insektenhoteller hëllefen also nëmmen engem zimmlech klengen Deel vun den heemeschen Insekten. Vill méi wichteg ass et fir alleguer d'Aarten, hir natierlech Liewensraim ze schützen.
A wat ass mat aneren Insekten?
Mr Science: Himmelsdéiercher, Goldaen (op Däitsch: Florfliegen) an Ouereschlëffer zéien och mol an d'Insektenhoteller an, woubäi se awer an der Natur am allgemenge besser Stoppe fannen.
Sinn Insektenhoteller vläicht éischter gutt gemengt ewéi gutt gemaach?
Mr Science: Dat kann een net esou pauschal soen. Vill vun de Modeller, déi een ze kafe kritt, gesi schéin aus, sinn awer kaum brauchbar oder esouguer schiedlech fir Insekten. Studien a Kanada weisen z. B., datt verschidden Hoteller méi Parasitten (z. B. Milben) a raiberesch Harespelen unzéien ewéi Wëllbeien.
Dat trëfft awer net op all Standuert an all Land zou, well déi geografesch Lag duerchaus en Afloss op d'Zesummesetzung vun den Aarten an den Insektenhoteller huet. Wann d'Hoteller gutt gebaut a richteg opgestallt sinn, kënne se vu Wëllbeie gutt ugeholl ginn. Dat weist z. B. och eng Zesummenaarbecht zu Lëtzebuerg tëschent dem naturmusée a CELL.
Wourun erkennt een dann e gudden Insektenhotel?
Mr Science: Wichteg ass virun allem: D'Réiercher musse mindestens 10 cm déif sinn, aus haardem, dréchenen Holz bestoen an hir Agäng musse glat a propper sinn. D'Holz muss haart a fest verbaut sinn, well wann et sech beweegt oder deforméiert, verletzt oder zerstéiert et d'Insektebrutt. Ausserdeem muss den Insektenhotel hannen zou sinn, soss kommen d'Vulle liicht un d'Larven an d'Eeër. Materialien ewéi Holzwoll, Dännenzappen, Zillen oder faarweg Dekoelementer gesinn zwar flott aus, bréngen den Déieren awer näischt. [NABU-Check 2025; Harris et al. 2021]
E gudden Insektenhotel brauch och e passende Standuert: sonneg, dréchen a wandgeschützt. [NABU-Check 2025] An den Agang sollt och no Süde geriicht sinn, fir datt et an de Réiercher séier a laang waarm ass. Nach méi wichteg ass d'Ëmgéigend: Ouni heemesch Bléieplanzen nobäi gëtt den Hotel net ugeholl, egal wéi gutt e gebaut ass [Harris et al. 2021].
Quote: „Vill Wëllbeienaarte sinn op nëmmen e puer Bléieplanzen an hir Pollen ugewisen a leeën nëmmen e puer 100 Meter Fluchdistanzen tëschent hirer Pollequell an hirer Naschtplaz zeréck. Wann also keng Bléieplanzen do sinn, se ze wäit ewech sinn oder déi falsch do stinn, gëtt och eng eigentlech passend Naschtplaz net gewielt.” Dr. Alexander Weigand, Biolog a Curateur fir Zoologie, Musée national d’histoire naturelle (MNHN)
Kann een da soen: Léiwer keen Insektenhotel ewéi e schlechten?
Mr Science: Dat kann een esou pauschal net soen. E schlecht gemaachten Insektenhotel ka Krankheeten oder Parasitte verbreeden (MacIvor & Packer, 2015; Gilpin et al., 2022). An et ka sinn, datt e vun de gewënschten Insektenaarten net ugeholl gëtt. Mee wann ee sech gutt informéiert, éier een en Insektenhotel opstellt an dat Ganzt richteg uleet, kann esou eng Naschthëllef e klengen, sënnvolle Bäitrag zum Naturschutz leeschten. A vläicht nach méi wichteg: E reegt zum Nodenken un. Oder esouguer zum Beobachten: Wien en Insektenhotel opstellt, léiert vläicht nei, onbekannt Insektenaarte kennen. Esou gëtt ee séier selwer zum Fuerscher an entdeckt, wéi spannend dat ka sinn.