Vum 27.-29. Juni ginn am Aquasud zu Uewerkuer d'Rettungsdeeg organiséiert. Dës 3 Deeg sti ganz am Zeeche vun der Sensibiliséierung vun der Waassersécherheet, wéi d'Céline Moreira, Responsabel vun der Communicatioun vum Aquasud erkläert.

20/06/2025 Journées de la Prévention à la Noyade

Et geet net nëmmen ëm d'Schwammen, mee ëm d'Verhalen am Waasser, ëm d'Verantwortung a wéi een am Noutfall richteg handelt. Wann een dofir no eiser Aktioun eng aner Haltung zum Theema Sécherheet am Waasser huet, dann hu mir eist Zil erreecht.

Et gëtt dann an de Coursen, déi bis zu 45 Minutten daueren, op Interaktivitéit gesat.
Et ginn Demonstratioune vun Rettungstechnicken, flott Ateliere fir Erwuessener, Kanner a Jugendlecher an d'Méiglechkeet selwer och e puer Grëff a Manöveren auszepropéieren, dat alles ënnert der Leedung vun ausgebilte Rettungsschwëmmer.

Et kënne souwuel déi regulär Clienten aus der Schwämm dobäi sinn, wéi och Kanner aus de Maison relais oder Jugendhaiser, déi vum Aquasud invitéiert goufen. An natierlech all Mënsch, dee sech dofir interesséiert, kann deelhuelen. Aus organisatoresche Grënn soll ee sech am Virfeld op hirem Internetsite wgl umellen. Natierlech spontan laanschtkommen déi 3 Deeg, geet och. Elo denkt ee sech vläicht, ech ka jo schwammen also ech kann dann och ee retten. Domadder ass et awer net gedoen.
Et geet ëm Technik, ëm Sécherheet a richteg Reaktiounen am Noutfall. An dofir op eiser Journée de sauvetage wëlle mir weisen, dass ee speziell Fäegkeete brauch, fir sech selwer an anerer net a Gefor ze brénge beim Retten.

D'Zuele weisen, datt an Europa an an eise Géigenden ëmmer nees Mënschen erdrénken. Sech iwwerschätzen ass eng vun den Ursaachen, an dacks ass et eng Kombinatioun vu Grënn firwat Mënschen am Waasser veronglécken.
Et ass oft eng Onopmierksamkeet, Alkohol, keng Opklärung oder dass een net schwamme kann, respektiv och d'Wësse wéi een hëlleft.

Schwammen ass eng Viraussetzung, fir datt ee mol eng Basis huet fir een ze retten. Wéi ass et da mam Schwammen am Allgemengen bei de Leit?
Leider gesi mir, dass ëmmer méi Kanner an Erwuessener net méi richteg schwamme kënnen. D'Pandemie huet dëst och verstäerkt, well d'Schwammunterrechter oft ausgefall sinn. Dofir ass et och wichteg, dass mir esou Initiative maachen, fir d'Leit erëm méi no un d'Waasser an un d'Sécherheet ze bréngen.

Wuelverstanen, dat ass elo kee Schwammcours, deen den nächste Weekend organiséiert gëtt. Ma awer och dat kann een am Aquasud léiere mam Schwammclub Déifferdeng.
Fir elo d'Rettungsdeeg geet et heihinner: