An eiser Serie iwwer Vitaminne geet et haut mam Sonnevitaminn D weider. Dat ass am Fong en Exot ënnert de Vitaminne, well e gréisstendeels selwer am Kierper hiergestallt gëtt, an zwar mat Hëllef vun der Sonn. Fir eis Gesondheet ass en immens wichteg, well e Knachen an Zänn stäerkt, den Immunsystem ënnerstëtzt an och d'Produktioun vu wichtege Botestoffer am Gehier ukuerbelt.

17/06/2025 Vitaminnen - De Sonnevitaminn D

Mir géingen es vill méi maache, wa mer e bësse méi an der Sonn wären, Dr. Marc Keipes aus dem Gesondheetszentrum vun den Hopitaux Robert Schumann:

Et mécht een zu Lëtzebuerg Vitaminn D, esou vu Mee bis August vun eelef bis dräi. Jo, mee do sëtzen déi meescht vun eis am Büro, der Schoul oder soss ënner Dag an souguer wa mer an d' Vakanz ginn, wou méi Sonn wär oder wou d'Sonn méi héich um Zenit steet, crème mer eis an, fir keen Hautkriibs ze kréien.

De Vitaminn D ass bei 85% vun de Lëtzebuerger e Mangel, well mer anescht Liewe wéi virun 100 Joer, wou mer dobaussen op de Felder geschafft hunn.

Dat ass héchstwarscheinlech mat déi eenzeg, déi wann ee soss keng aner Krankheet hätt, déi eng Mangelerscheinung vun anere Vitaminnen ausléisst, déi ee wierklech hei zu Lëtzebuerg braucht, esou wéi am Fong d'Wanterpneue vun O bis O, dat heescht Oktober bis Ostern, sou tëschent 1000 bis 4000 Unitéite pro Dag, besonnesch an deenen éischten 20 Joer brauch een dat, fir d'maximal Festegkeet vun de Schanken ze erreechen. An da mat der Menopause brauchen d'Dammen dat och alt erëm, fir ze evitéieren, dass se Osteoporos kréien.

De Vitaminn D ass fettléislech a reguléiert de Kalzium a Phosphorhaushalt. Och hëlleft en d'Laun a méi däischteren Zäiten héich ze halen. Op wat een nach oppasse muss, verréit eis d'Heilpraktikerin Anja Welsch:

D3 wird ja jetzt öfter schon supplementiert, beziehungsweise auch öfter in Bluttanalysen mal mitgeschaut, weil es sich doch herumgesprochen hat, dass die meisten Menschen einen Mangel haben, und das ist auch sehr sinnvoll, das empfehle ich auch. Und wenn ein Mangel vorliegt, wird es oft verschrieben, mittlerweile auch von Ärzten, aber sie wird meist alleine verschrieben. Und Vitamin D3 ist zuständig, um das Kalzium in den Knochen einzulageren, aber für den Transport vom Kalzium ist Vitamin K2 zuständig. Und wenn es nicht dabei ist, kann es, sogar im Extremfall zur Kalzifizierung von Organen oder Gewebe kommen.

Fir op Nummer Sécher ze goen, kann een natierlech och säi Vitaminn D Haushalt iwwerpréiwe loossen an dann deementspriechend och d'Dosis zesumme mat K2 upassen.

RTL

© pixabay