Op esou waarme Summerdeeg geet näischt iwwert eng gutt grouss Glace, oder eng kal Limonade mat Äis. Ma kaum kënnt een an de Genoss vun der Erfrëschung, kënnt eppes net esou Schéines hannendrun: Kappwéi vun der Keelt, och Gehier-Frascht genannt. Eng desagreabel Péng, déi e puer Sekonnen dauert, an tatsächlech fillt et sech hannert der Stier un, wéi wann d'Gehier kuerz afréiere géif, dofir heescht et am Engleschen och Brain Freeze. Michèle Schons?

24/06/2025 Brain Freeze - Kappwéi beim Glace iessen?

Déi gutt Noriicht als éischt: Och wann d'Gefill net cool ass, bedenklech ass et net. Beim sougenannte Brain Freeze handelt et sech nämlech ëm eng ganz normal Reaktioun vum Kierper. Wa mer äiskaalt Iessen oder Gedrénks consomméieren, produzéiere mer domat eng Kettereaktioun am Kierper. Dëse Kappwéi gëtt duerch eng Keelt am Mondraum ausgeléist an ass en natierleche Schutzmechanismus vum Kierper. Um Gumm an an der Strass si besonnesch empfindlech Nerven. Déi eigentlech Péng entsteet duerch d'Reaktioun vun de Bluttgefäässer, déi sech zesummenzéien fir e Verloscht vun der Kierpertemperatur z'evitéieren, gläichzäiteg gëtt Blutt an d'Gehier gepompelt fir d'Keelt auszegläichen an doduerch erhéicht den Drock sech, wat d'Péng an der Stierregioun dann ausléist.

Dat huet awer net jidderee, wann en eng Glace ësst, oder?

Nee. Interessant ass, dass nëmmen en Drëttel vun de Leit iwwerhaapt dee Gehier-Frascht erliewen. De Grond ass nach net richteg bekannt, ma Etüde weisen dass Brain Freeze an der Famill läit, a Kanner vu betraffenen Elteren dat dann och heefeg erliewen. Och schénge Mënsche mat Tendenz zur Migrän och net automatesch méi ufälleg dofir sinn, wéi fréier ugeholl. Déi eng sinn ebe méi empfindlech dofir, anerer manner.

Kann een da preventiv iergendeppes maache fir dass een d'Glace ouni Brain Freeze iesse kann?

Fir déi Péng z'evitéiere sollt een esou wéineg Kales wéi méiglech mam Gumm beréieren. Esou kann ee säi Glacëläffel zum Beispill ëmdréinen, dass d'Keelt als éischt d'Zong beréiert. Da sollt een d'Glace och réischt ofschlécke, wann se vun der Zong e bësse gewiermt gouf an am Mond geschmolt ass. Beim kale Gedrénks kann een natierlech op d'Äis verzichten. Als éischt Hëllef wann d'Péng optrëtt, hëlleft och d'Zong. Déi sollt een einfach un de Gumm uleeën, dass de Kappwéi méi séier fortgeet.

Jo an och e waarmt Gedrénks kéint derbäi hëllefen d'Regeneratioun méi séier unzekuerbelen an dat kaalt Gefill verschwannen ze loossen. Op kee Fall brauch een dee Moment eng Pëll géint de Kappwéi.

RTL

© pixabay