Et gëtt em eisen Hunneg an de nächste Minutten. Vun der Bléi bis an d’Glas, déi eenzel Etappe wëlle mir beliichten. An dowéinst war de Christian Schmit ënnerwee am Eisléck, bei de Beiestäck am Bësch, a beim Imker doheem.

28/06/2025 Vun der Bléi bis an d'Glas, den Hunneg (1. Deel mat Uso)

Jo genee a mir waren am Raum Boungeref an der Rammerecher Gemeng ënnerwee. Den Imker, dat ass de Nicolas Josselin, deen och an der FUAL ass. Der Fédération des Unions des Apiculteurs Luxembourg.

Wien huet net gären den Hunneg op der Schmier, an enger Vinaigrette, am Dessert oder am Téi?

Mee bis et esouwäit ass, ass et e laange Wee. Am Fréijoer mat Pracht vun de Bléie geet et lass wou d’Beien op Nektar a Pollesich ënnerwee sinn?

Majo als éischt mussen d'Volleker gutt iwwerwanteren, am Fréjoer gi mir da kucken op di Volleker schéi sinn. wann den éischte Pollen kennt, da fänken d'Beien u sech lues a lues ze entwéckelen. Kinnigin fänkt ëmmer méi un ze léeen, d'Vollek gëtt ëmmer méi grouss, bis dee Punkt kënnt wou di meescht Uebstbeem bléien, da maache mir d'Hunnegreim drop. Dass d'Beien dann de surplus vum Hunneg erop an den Hunneg Raum droen, an dat ass deen dee mir duerno sammelen. 

Mam Nicolas séngen 250 Beie Völker kann e vun 10 Millioune Beie schwetzen. An déi si fläisseg. Pro Dag ginn do bis zu 7500 Bléien ugesteiert, an dobäi komme bis iwwer 30km zesummmen. Awer pro Bei komme bei all deenen Ausflig just 2-3 Gramm Nektar zesummen.

A wichteg de Standuert dierf net einfach geréckelt ginn?

RTL
RTL

Jo richteg. Beien orientéiere sech un der Sonn, an déi wëssen dass wa si ënzwousch erausfléien, dann och do erem mussen erafléien. wann een dann hir Beiekëscht géif zwee Meter réckelen, da wären déi schéi gehäit. An och déi dono géifen erausfléien och wëll déi un déi Plaz gewinnt sinn. Dat heescht wann een e Vollek muss réckeélen, da soll een dat schonn op manst 3 Kilometer réckelen. 

Sou vum Beistack dann bei den Imker heem. Schonn impressionant wat een alles esou brauch fir d’Produktioun vun Hunneg. Virum afëlle gëtt et nach eng Etapp?

Virum Afëlle muss een den Hunneg mol schleideren, a fir deen da sichen ze goen, sëtze mir da Beiefluchten drop, dat ass dann tëscht dem Hunneg Raum an dem Vollek. da gi si duerch esou e Labyrinth fir zeréck bei hir Kinnigin ze kommen. Déi Hunneg Reim déi huele mir da mat heem, da gëtt fir d'éischt de Wuess erof geholl, an da gëtt geschleidert. 

RTL

RTL


An der nächster Stonn bleiwe mir nach bei de Beien, an dem Hunneg. Da kënnt en an d’Glas, ginn gewuer wat mam Wuess geschitt, awer och dass déi Stäck musse kontrolléiert ginn, an dass Beie nëmme seele piken.

RTL