Eisen Hunneg. Vun der Bléi bis an d’Glas, dat war an der leschter Stonn en Thema. Wat eis Beien do alles esou leeschte mussen, an d’Konscht vum Imker fir dass et geléngt mam Hunneg fir op d‘Schmier, alles dat interesséiert eis.

De Christian huet den Imker nach eng Kéier bei sech.

28/06/2025 Vun der Bléi bis an d'Glas, den Hunneg (2. Deel mat Uso)

Genee, de Nicolas Josselin vu Bungeref. Esou elo wëlle mir et awer wëssen, wéi kënnt den Hunneg an d’Glas?

Fir anzefëllen, do gëtt dee ganzen Hunneg fir d'éischt emol geréiert. E gëtt eng Zäitche geréiert, di éischt Kristaler bilde sech, an déi mussen da gespléckt ginn fir dass e méi cremeg gëtt. Wann een den Hunneg elo net géif réieren an direkt afëllen, da géif e ganz grob käreg ginn. An dofir réiere mir all Dag vurum Afëllen fir dass en déi Kristaler sech opléisen an di richteg Konsistenz kuet, an dee Moment fëlle mir en an.  Bannen am Glas gëtt e bannen zwee, dräi Deeg fest. Dann ass en awer ganz cremeg, am léifsten hätte mir gären enger Botter Konsistenz.

Dëst Fréijoer war d’Klima perfekt fir d’Beievölker an och den Imker ass zefridden. Iwwregens och flëssegen Hunneg kënnt vun hei?

Hei zu Lëtzebuerg, di meescht Hunneger déi kristaliséieren ganz séier. Wann een dann hi geet an et hëllt een de Summer Hunneg an et erhëtzt een den Hunneg eng Kéier op 42 Grad. Dat ass da schounend erhëtzt, da schmëlzen all di kleng Kristaler déi e net mam bloussen Aa gesäit, an da bleift den Hunneg eng 5 bis 6 Méint laang flësseg.

RTL

RTL

 

Wat geschitt eigentlech mam Wuess?

De Wuess dee gëtt ageschmolt, domadder ginn da Bléck gemeet, an di Bléck, am Wanter féiere mir déi op eng Plaz wou si eis Mëttelwänn dorauser géissen, déi mir de Beien da nees zeréck ginn. Deen elere Wuess, wann elo eng Waab ufänkt ze däischter ze ginn, da schmëlzt een déi an, an a plaz déi em Vollek zeréck ze ginn, benotzt een dee Wuess da fir Käerzen ze maachen. 

 

Als gudden Imker ginn di eenzel Beiestäck och regelméisseg kontrolléiert?

All Woch gëtt do all Waab eng Kéier gezunn, an et gëtt dra gekuckt op et dem Vollek gutt geet fir dat dann ze bewäerten.

An dass Beie vill méi seele piken hänkt vum Vollek of, an et kann e sech natierlech protegéieren.

Mir hunn zimlech douce Beien, do ass de Schutz e bësschen iwwerflësseg. Do geet et dann duer wann een e bësschen Damp drop mécht. Well mam Damp dann hunn déi de Reflex, dass wann de Bësch brennt, éier d'Beien dann d'Nascht verloossen, fëllen déi sech nach eng Kéier richteg voll mat Hunneg. An dee Moment wa si voll mat Hunneg sinn, da pike si och net méi esou gären, dann ass dat scho vill méi rar.

RTL

RTL

Mmmh eise gudden Hunneg. E puer Fotoe beim Afëllen déi hu mir och fir iech. Op www.rtl.lu, wou soss?