Vitaminn E zielt, wéi d'Vitaminnen A, D a K zu de fettléisleche Vitaminnen. Wéi mer schonn an eiser Serie gewuer gi sinn, kann de Kierper dës Vitaminnen aus der Nahrung nëmmen zesumme mat e bësse Fett ophuelen. Den E, iwwert dee mer haut schwätzen huet eng antioxidativ Wierkung a schützt eis Zellen.

24/06/2025 Vitaminnen - Vitaminn E schützt Zellen an hällt de Kierper gesond

Och wann d'Vitaminne schonn éiweg déi selwecht Funktioun an eisem Kierper hunn, ass d'Versuergung haut leider net méi esou ofgedeckt wéi fréier. D'Heilpraktikerin a Psychotherapeutin Anja Welsch erkläert:

Vitamin E wird zum Beispill in Zukunft eine grössere Rolle spillen, weil wir immer mehr Umweltschäden haben. Es kann zum Beispill die Schäden im Körper, die durch Smog entstehen, etwas minimieren. Ausserdem ist es beim Getreideanbau, dadurch dass Fungizid und Herbizide benutzt werden in der konventionellen Landwirtschaft so, dass die Getreide nachher 90 % weniger Vitamin E haben, als sie es früher hatten. Das heisst, dieses Vitamin wird in den nächsten Jahren oder Jahrzehnte sicher in den Fokus rücken, weil wir es einfach supplementieren müssen.

Vill vun de Liewensmëttel, déi räich u Vitaminn E sinn, si souwisou scho fetteg, esou dass dëse vum Kierper gutt opgeholl ka ginn. Wou stécht da besonnesch vill Vitaminn E dran, Dr. Marc Keipes aus dem Gesondheetszentrum vun den Hopitaux Robert Schumann?

Dem Vitaminn E sinn och eng ganz Rei Funktiounen ugedicht ginn, sollt viru Kriibs schützen, well et also fir den Zellschutz wichteg ass. Vitaminn E gëtt et a verschiddenen Uelegen, awer och an den Eeër, a verschiddenen Nëss, och deementspriechend oft a verschiddene Crèmen erëm ze fannen, déi d'Haut solle fleegen, mee genau wéi beim Vitaminn C, kënnt och do awer de Gros vun deem Inhalt guer net do un, wou en eigentlech misst ukommen.

Besonnesch héich ass de Gehalt u Vitaminn E am Weizenkeimueleg. En Téiläffel huet 20,3 Milligramm an domat scho méi wéi en Erwuessene pro Dag brauch. Bei all de Supplementer sollt een och drop oppassen, dass se natierlech Originnen hunn:

"Natürlichen Ursprungs" heisst, es gibt eine ganz lange Synthetisierungskette bis das Vitamin fertig ist und es ist dann komplett. Im Labor wird es in ein oder zwei Schritten hergestellt. Das Endmolekül ist gleich, aber die Wirkung ist eine ganz andere. Man muss von dem Synthetischen viel mehr einnehmen.

Ee Milligramm vum natierleche Vitaminn E entsprécht ongeféier 2 Milligramm vu syntheeteschem Vitaminn E. Op de Verpackungen erkennt een de Syntheeteschen un der Beschrëftung "DL" virum Numm.

RTL

© pixabay