
© Patrick Greis
Wann et ëm Sport geet lauschteren déi vill genee. Hei geet et awer net ëm Medailen oder Beschtzäiten mee ëm de Sport a Verbindung mat der Gesondheet. An déi Fuerschungsaarbecht, déi den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare haut matbruecht huet ass eng vun deenen gréissten déi jee publizéiert gouf, well méi wéi 410.000 Leit wärend bal 20 Joer suivéiert si ginn.
Verglach goufen déi 33% Fraen an 43 % Männer déi reegelméisseg Aérob Beweegungen haten, versus déi sédentaire. Weider 20% Fraen an 28% Männer hunn op d'mannst eng Seance Muskeltraining pro Woch gehat. Haaptendpoint, an eigentlech dat wat eis och just soll interesséieren, war d'Gesamtmortalitéit oder d'Häerzkreeslafmortalitéit. De Maximumeffekt gouf bei 300 Minutten pro Woch fonnt. Méi wéi 300 ass de Benefice nees erofgaangen. Bei manner war den 'effet linéaire' progressiv, also wann der 3x60 Minutten Sport hutt, war dat besser wéi 2x45' mee all Effort huet gezielt.
Wann een d'Hobbysportler mat deenen Sedentairen, also déi net vill maachen, vergläicht, kann een nëmme staunen, well dann kritt een interessant Resultater.
Bei den Dammen geet d'cardio vasculaire Mortalitéit ëm 30% an d'Gesamtmortalitéit ëm 19% zréck, bei de Männer ass et all Kéiers 11%. Also dat erstaunlechst an fir d'éischte Kéier a sou enger grousser Etüd bewisen. Fraen profitéieren méi vun der Beweegung, wa se déi selwecht Quantitéit Sport maachen wéi Männer. 24 versus 18%. Also et gëtt elo keng Excusen méi, 1, 2, 3 a lass et geet, da bleift dir gesond.