
© AFP
Grad am Summer ginn et dacks Donnerwiederen. Dofir ass et wichteg, dass ee weess wei ee sech richteg verhale soll. Dat kann engem am schlëmmste Fall d’Liewe retten.
Wann et dobaussen ufänkt ongemittlech ze ginn, ass et wichteg sech séier eng sécher Plaz ze sichen an ze waarde bis Donnerwieder laanscht gezunn ass. Am Auto oder an engem Gebai ass een am sécherste wann een net vum Blëtz getraff well ginn.
Ob kee Fall sollt ee sech ënnert e Bam stellen oder op engem oppene Feld ronderëm lafen. Blëtzer sichen sech nämlech ëmmer déi héchste Punkte fir anzeschloen. Och soll een sech vu Waasserflächen, wéi zum Beispill Séien, Schwemmen oder Flëss ewechhalen. Wéi sollt ee sech dann am beschte positionéiere wann een dobaussen an en Donnerwieder geréit? De Joseph Rodesch, besser bekannt als Mr Science:
"De Blëtz ass eigentlech faul, dee sicht ëmmer dee kierzte Wee, fir an de Buedem ze kommen u sech. An wann een elo laang um Feld steet, an et ass ee ganz grouss, dann kann dee Blëtz een séier treffen. Sou, dat heescht, et sinn zwee Tippen, déi een elo huet: Kann ee sech méiglech kleng maachen, dat heescht zum Beispill an d' Huppe goen an d' Féiss no beieneen halen. Dat sinn sou déi zwou wichteg Saachen. An zweetens muss een och Been no beieneen hunn. Da kann een och, wann dee Blëtz nieft een aschléit, kann engen do näischt passéieren."
Ma och dobannen a sengem eegenen Haus ginn et Saachen op déi een oppasse muss. Fënsteren an Dieren am beschten zou maachen. A ganz wichteg: Stecker vun elektronesche Geräter aus de Steckdousen zéien.
"Normalerweis ass et elo esou, datt déi nei Haiser, déi sinn alleguer gutt géint Blëtzer geschützt. Et ass e Blitzableiter do. Dat heescht, dat sinn eigentlech Staangen, déi um Daach sinn oder Metall, wat um Daach ass. Dat gëtt direkt mat décke Kabelen, gëtt de Stroum an de Buedem geleet. Wann een elo en aalt Haus huet mat metallene Waasserleitungen zum Beispill, da kann et sinn, datt et ënnert der Dusch geféierlech gëtt. Dat heescht, wann een et net weess, da géif ech soen, hei geet net an d' Dusch, wäert den Donnerwieder."
Wann et blëtzt, sollt een och am beschte Fall keng metallesch Objete mat sech droen. Präbbelien, Handyen, an och Vëloen déi aus Metallstécker bestinn, leeden de Stroum weider falls ee vum Blëtz getraff géing ginn. Doduercher ass d’Verletzung Gefor vill méi grouss.