
KI, also Kënschtlech Intelligenz, gouf virun e puer Joer nach vill verdäiwelt, ma spéitstens mat ChatGPT an der KI-Funktioun vu Google, ass d’KI och am Alldag bei ville Leit ukomm. Et huet sou munche Virdeel, et muss een awer och d’Grenze kennen a sech e puer Riske bewosst sinn. D’Céline Spithoven huet méi Detailer dozou.
D’KI kann gefillt alles: Texter zesummefaassen, Komplex Themen erklären, en Trainings-, Iess oder och Finanzplang erstellen. Biller kënnen erstallt oder beaarbecht ginn, gëtt een him un, wat een nach am Frigo huet, proposéiert en, wat een den Owend kache kann. E kann Geschichten erzielen, ka ganz Marketingcampagnen erstellen a souguer de perséinlechen Therapeut spillen. Vill Potenzial, wat sech fir eis hannert nëmmen e puer Wieder a Klicks verstoppt. Mëttlerweil ginn et eng ganz Partie Leit, déi ChatGPT a Co net méi aus hirem Alldag ewechdenke kënnen. An och hei am Land gëtt d’KI scho fläisseg benotzt.
Jo, et kann nëtzlech sinn a Spaass maachen. An ChatGPT schéngt och e gudde Gespréichspartner kënnen ze sinn.
Et bleift eng kënschtlech Intelligenz. ChatGPT versteet Emotiounen oder Kontexter net esou wéi e Mënsch. Moralesch an empathesch Bewäertunge sinn däitlech ageschränkt, och wann d’Maschinn sech Méi gëtt, fir een do ze sinn.
Och wat Fakten ugeet, huet d’KI esou seng Schwieregkeeten. Se gëtt nämlech mat all méiglechen Donnéeën aus dem Internet gefiddert. Wat dovu Fakten sinn a wat erfonnt oder eng Meenung ass, kann d’Kënschtlech Intelligenz nach net ënnerscheeden. Besonnesch bei komplexe Sujeten oder Themen, iwwert déi een am WWW net vill fënnt, muss een oppassen, do kann ChatGPT souguer Informatiounen erfannen.
An och bei der Aktualitéit huet d’KI sou seng Problemer, wann een ouni Detailer no Informatioune sicht. Sou bezeechent ChatGPT den Donald Trump nach ëmmer deelweis als fréiere President vun den USA, obwuel seng zweet Amtszäit am Januar 2025 ugefaangen huet. An och beim Benotzerrecht ginn et Problemer. D’KI bezitt seng Informatiounen nämlech vun iwwerall. Et kann also sinn, dass en Informatiounen iwwerhëlt, déi eigentlech geschützt sinn.
Et gëllt also: KI am Alldag kann eng grouss Hëllef sinn an huet sou munches ze bidden. Et kann de mënschleche Kontakt awer net ersetzen an och bei den Informatioune sollt een oppassen a léiwer alles iwwerpréiwen.