Den Donald Trump polariséiert. Mat "Make America great again" läit de Fokus komplett op den USA. Mee dat kéint elo no hanne lassgoen... Wisou? Dat erkläert eis d’Céline Spithoven

25/06/2025 USA Reesen 9h20 C.Spithoven

Säi Kampf géint d’LGBTQ+-Communitéit, d’Ofdreiwungsgesetz, zoue Grenzen, e kuerzfristege Stopp fir Visaen fir Austauschstudenten an Au-pairen an dozou nach méi wéi 12 Länner, aus deenen d’Awunner guer net méi an d’USA reesen dierfen. D’Lescht vum Trump sengen Aktiounen ass laang, an dat obwuel hie réischt zënter 6 Méint rëm President vun den USA ass. Domat mécht hie sech villäicht bei sengen treien Unhänger beléift, ma souwuel an den USA selwer, wéi och am Ausland stéisst hien op vill Kritik a Mëssverständnes.  Dass deslescht ëmmer rëm Touristen um Fluchhafe festgeholl goufen oder direkt zeréck an de Fliger gesat goufe fir Heem, hëlleft dem Tourismus natierlech net.

An dat weise souguer schonn d’Zuelen. Et ginn ëmmer manner Reese vu Westeuropäer an d’USA gebucht. Besonnesch eis däitsch Noperen, d’Spuenier an d’Britten distanzéiere sech vun den hire Reespläng an d’USA. Well d’Nofro ofhëlt, sinn d’Präisser vun den Transatlantikflich am Mee ëm 35 Prozent gefall an och Reesbüroen erziele vun Annulatiounen a politescher Ofleenung vun den europäesche Clienten.  

Fir d’Lëtzebuergerin Samantha an hire Mann war et scho méi laang en Dram hir Hochzäitsrees an den USA ze verbréngen. Ma déi lescht Méint hu si awer gezweiwelt.  

Allgemeng ginn Experten dovun aus, dass och d’Summervakanz dës Situatioun net staark ännere wäert. D’Fluchgesellschafte Lufthansa a British Airways hunn hir Kapazitéiten elo scho reduzéiert.