Vitaminn H ass ënner anerem um Opbau vun Haut an Hoer bedeelegt. De Besoin vu Vitaminn H gëtt meeschtens duerch d'Ernierung ofgedeckt. Zu engem Biotinmangel mat Schwächeufäll, Iwwelzegkeet an Depressioune kënnt et just an exzeptionelle Fäll, wann ee Produiten ësst oder Medikamenter huele muss, déi eng Opnam blockéieren.   

01/07/2025 Vitaminnen - Vitaminn H: Biiotin fir Haut an Hoer

Den Dr. Marc Keipes aus dem Gesondheetszentrum vun den Hopitaux Robert Schumann erkläert:

De Vitaminn H ass fir Haut an Hoer wichteg, Biotin gëtt en och nach genannt, och dee fannt Der oft a Crèmen oder Substanzen erëm, déi solle fir schéin Hoer, Neel oder Haut suergen. Wann ee wierklech e Mangel dovunner hätt, da bréngt natierlech eng Pëll mat Biotin eppes, mee de Gros vun eis huet am Fong geholl kee Vitaminn H -Mangel.

Biotin iwwerhëlt am Kierper d'Roll vun engem sougenannte Co-Enzym. Dat si Moleküler, déi dobäi hëllefe bestëmmte Reaktiounen ze provozéieren. Dat sinn: Bildung vu wichtege Fettsaieren, kierpereege Produktioun vun Zocker, Energie an den Zellen an Ofbau vu bestëmmten Aminosaieren. Eng ausgeglachen Ernierung ass also de beschte Wee fir genuch Vitaminn H opzehuelen.

Vitaminn H gëtt et am Ee, an den Nëss oder awer och an de Sojabounen. Den Biotin, also Vitaminn H, ass a Champignonen, a Huewerflacken an och an ongeschieltem Räis ze fannen.

Déi recommandéiert Dagesdosis fir Erwuesse Leit läit bei 40 Mikrogramm. Fir de Biotin ginn an der Produktioun vun Nahrungsergänzungsmëttel eng ganz Rëtsch u positive Wierkunge postuléiert. Ass do eppes drun?

All déi Studien, déi versicht hu mat Vitaminnen, dat nozëempfannen, andeem dass se de Leit zousätzlech Vitaminne ginn hunn, hunn eigentlech keng Effete gemierkt. Dat heescht, déi gesond Ernierung bréngt eis héchstwarscheinlech ausserhalb vun de Vitaminnen nach ganz vill Wichteges. Zum Beispill an der Haut vun den Tomate si Lycopenen, an der Haut vun den Drauwen ass Resveratrol, da gëtt et nach Flavinnen oder aner Antioxidantien, déi also an dem Uebst a Geméis dra sinn, mee déi mer an deene Pëllen iwwerhaapt net fannen.

E grousst Ee huet ongeféier 12 Mikrogramm Biotin, eng hallef Taass gekachte Lënsen ongeféier 3-4 Mikrogramm an 100 Gramm Rëndliewer kënne gutt 100 Mikrogramm ofdecken.

RTL

© pixabay