
Bei deem gudde Wieder verbrénge vill Leit gären hire Weekend beim Waasser. egal op um Stauséi, op de Baggerweieren, zu Wäiswampech oder zu Iechternach - ob ee sech wierklech ofkillen an eng Ronn schwammen dierf, ass gefillt eng Chancësaach. Ëmmer rëm ginn et nämlech Conter-Indikatiounen, well rëm ze vill Bloalgen am Waasser sinn. Mee wisou dierfe mir dann net an d'Waasser, wien entscheet dat a wat genee sinn déi fir eis lästeg Algen? Fir déi Froen ze klären hu mir eis RTL-Reporterin haut e Mol op de Stauséi geschéckt. A mir schalte mol direkt bis eriwwer. Gudde Moie Céline.
28/06/2025 Reporter um Stau Bloalgen Deel 1 6h40
Am meeschte gelies