
Deen een oder anere wäert dës sonneg Deeg um Stau oder bei de Baggerweiere verbréngen. Schwammen ass jo mëttlerweil rëm erlaabt, nodeems e puer Plagen rezent jo wéinst Bloalge gespaart waren. Eis RTL Reporterin war gëschter op der Rommwiss um Stauséi an ass do zesumme mam Fuerscher vum LIST Jean-Baptiste Burnet de Bloalgen op d'Spuer gaangen. Fir déi déi et gëschter verpasst hunn, lauschtere mir elo nach eng Kéier eran.
Thema Bloalgen kënnt all Joers rëm op. Ma heefeg ass dat nëmmen am Héichsummer e Problem, also Enn Juli an August. Dëst Joer goufen awer scho vill méi fréi Bloalge fonnt. Wéi dat méiglech ass, erkläert eis de Jean-Baptiste Burnet, dee sech beim LIST ënnert anerem ëm de Monitoring vu Bloalge këmmert.
Et ass natierlech iergerlech, dass d'Schwammen an eise Gewässer ëmmer rëm wéinst Bloalgen verbuede gëtt. An awer sollt een dës Warnungen Eescht huelen.
Am Summer ginn all Woch Tester gemaach, heiansdo souguer zweemol. Ausserhalb vum Héichsummer ginn all zwou Woche Waasserprouwe geholl. Ass de Wäert vun den Toxinnen ze héich, muss d'Waasserwirtschaftsamt eng Decisioun huelen an d'Schwamme verbidden. Aner Méiglechkeet ginn et den Ament net fir de Bloalgen kuerzfristeg ze entgoen.
Mir gesinn also de Problem Bloalgen ass méi komplex, wéi deen een oder anere mengt an de Sujet ass eescht ze huelen. Eng gutt Noriicht awer: aktuell kann ee rëm iwwerall schwamme goen an d'Ofkillung genéissen.