
D’Sonn brennt, d’Temperaturen klammen iwwer 30 Grad – schéin, wann ee fräi huet, mee usprochsvoll, wann een de ganzen Dag muss funktionéieren. Mee wéi kënnt een duerch d’Hëtzt, ouni zesummenzegoen?
Deen een oder aneren Tipp wäert Dir scho kennen, ma D'Céline Spithoven huet fir eis déi bescht Methoden nach eng Kéier zesummegefaasst.
Tipp 1: Waasser – mä richteg!
Vill drénken ass wichteg, dat wësse mer alleguer – mee et geet net nëmmen ëm d’Quantitéit, mee och ëm d’Wéi. Am beschten platt Waasser oder Téi, Limonade mat Peffermënz an Zitroun zum Beispill t ass erfrëschend an och nach lecker. Wichteg ass, dass d’Waasser net ze kal ass, also net direkt aus dem Frigo. Dann ass den Temperaturënnerscheed an eisem Kierper nämlech ze grouss. E brauch vill Energie fir Temperatur auszegläichen an et schweesst ee just nach méi. Besser ass och ëmmer rëm e bëssen ze drénken, wéi direkt 1 Liter beieneen. De Kierper hydratéiere kann een am Summer awer och mat Waassermeloun oder frëscher Kornischong.
Ma wa mir schonn beim Iesse sinn, dann hei direkt den zweeten Tipp:
Zaloten, Meloun mat Feta oder Ham, Jughurt an Uebst – et muss net ëmmer waarm sinn an et soll liicht ze verdaue sinn. A wa scho kachen: da léiwer owes. Deftegt Iessen verlaangt wéi kaalt Waasser vill Energie vun eisem Kierper. Éischter en Nodeel, vue dass de Kreeslaf scho mat der Hëtzt vu Baussen esou beschäftegt ass.
Tipp 3: De richtege Choix aus dem Kleederschaf
Schwaarz an d’Hëtzt? Dat passt net. Et gesäit een de Schweess zwar manner, mee et zitt och d’Hëtzt un. Léiwer Hell, liicht a locker soll et sinn. Kotteng a Léngen si besser wéi Syntheetik. Tipp: och d’Schong sollen oppen an ootmungsaktiv sinn, dat verhënnert, dass d’Féiss uschwëllen.
Tipp 4: Cool bleiwen doheem
Halt d’Fënsteren zou a loosst d’Rolllueden e Stéck erof. Lëfte sollt een iwwert d’Nuecht, fréi Moies oder Owes. A wann dir eng Klima hutt, dann stellt déi net ze kal. 22 Grad sinn optimal. Dat verhënnert de Kierper ze iwwerfuerdert a krank ze ginn. E klengt, fiicht Duch virun engem Ventilator ass do méi effektiv.
A wat maachen, wann d'Hëtzt awer ze vill gëtt?
Wann d’Hëtzt op de Kreeslaf geet, dann direkt Paus maachen, an de Schiet oder an e klimatiséierte Raum goen. d'Féiss a wotlecht Waasser an e fiicht Duch an den Nuque. Bei Warnzeeche wéi Schwindel, Kappwéi oder Iwwelzegkeet – net zécken a medezinesch Hëllef sichen. En Hëtzschlag wéi och e Sonnestach sinn net ze ënnerschätzen. An och wann deen een oder anere mengt, bronzéiert Haut ass e Muss um Retour vun der Vakanz, crèmt iech an, bleift am Schiet a verhënnert d'Sonn iwwert d'Mëttesstonn.