De Jacques Spedener, Doktorand an der Luxemburgistik op der uni.lu, schafft aktuell u senger Dokteraarbecht a sicht an deem Kader nach Leit déi bei senger Etüd iwwert de Sproochewiessel am geschriwwene Lëtzebuergesche matmaache wëllen. Bei sengem Fuerschungsprojet geet et dorëms erauszefannen ob sou e Sproochewiessel bewosst opfält a wéi dëse vun de Leit empfonnt gëtt déi eis Sprooch schwätzen.

02/07/2025 De Sproochewiessel am Lëtzebuergeschen

D'Iddi fir dee Fuerschungsprojet am Kader vu sengem Doktorat ass aus dem Jacques senger eegener Observatioun an Experienz am Alldag entstanen:

"Mat engem Bachelor an der englescher Literatur a Linguistik an och mäi Master an der Kommunikatioun deen op Englesch war, hunn ech duerch mäi ville Gebrauch vum Engleschen ugefaangen et oft ze benotze wann ech Lëtzebuergesch schwätzen oder schreiwen. Oft kréien ech da gesot, dass ech net richteg Lëtzebuergesch schwätzen oder schreiwen. Am Lëtzebuergeschen hu mir nu mol vill Wieder aus anere Sproochen a mech huet et einfach interesséiert ze wësse wéi Persounen déi Lëtzebuergesch schwätzen, dat wouer huelen a bewäerten."

Motivéiert huet de Student d'Méisproochegkeet hei am Land a wéi dës vun de Leit benotzt a wouer geholl gëtt:

"Ech fannen et faszinéierend wéi Leit déi Lëtzebuergesch schwätzen, ganz natierlech verschidde Sproochen am Alldag kombinéieren, wat an enger monolingualer Gesellschaft net ze denke wier. Et interesséiert mech einfach ze verstoen wéi dës Méisproochegkeet vu Leit an engem schrëftleche Kontext empfonnt gëtt a wat dat iwwert eis Gesellschaft ausseet."

Ronn 400 Leit hu well bei där online Etüd matgemaach déi nach bis den 1. August op ass. Ma et ginn nach weider 100 Leit gesicht déi Lëtzebuergesch schwätzen a Loscht hunn d'Lëtzebuergesch Fuerschung ze ënnerstëtzen. Dofir brauch een u sech just e Computer an e bëssi Zäit well d'Etüd besteet aus 3 Deeler:

"Eng kuerz demografesch Ëmfro, eng Evaluatiounsaufgab wou gekuckt gëtt ob markéiert Wieder als Lëtzebuergesch empfonnt ginn oder net, an den Haaptdeel vu menger Etüd wou Leit a kuerze Lëtzebuergeschen Texter de Sproochewiessel markéiere sollen."

Ënnert all de Leit déi matmaachen, ginn iwwregens och 2 Bonge fir dee gréissten online Verkeefer weltwäit verspillt. De Link fir matzemaachen, fannt Dir hei: