Haut ass de leschten Deel vun eiser Serie ronderëm d'Fluchangscht. De ganze Summer iwwer hu mer jo schonn iwwer Turbulenzen, den Entretien vum Fliger a Wiederphenomener opgekläert.

Haut erklärt eis de Pilot bei der Luxair, de Charel Victor wéi se uewen op 10.000 Meter Héicht kënne gesinn wéi d'Wieder ass.

"Dowéinst hu mer de Wiederradar am Fliger, dee mer och all Moien teste ginn. A mat deem kënne mer d' Wieder u sech scanne goen, e bësse wéi mat engem Ultraschall. Dat heescht, mir gesinn do hoergenee, wou déi turbulent Zonen sinn. An déi evitéiere mer dann dee Moment. Dat ass eng Zesummenaarbecht, déi mer mat de Fluchlotse maachen, wou mer soen, hei mir mussen elo 20 Grad zum Beispill no lénks dréinen, fir net duerch déi turbulent Zonen do ze fléien. Deen Dag ass dat e bëssen en Challenge. Do muss een da wierklech oppassen, datt mer do net a Gebidder erafléien, déi dann eebe kéinten turbulent sinn. Wéi gesot, och wann et elo géif geschéien, datt de Fliger géif eragoen, e géif net futti goen. Mee mir wëllen dat evitéieren, eeben haaptsächlech och aus Komfort-Grënn, well mer jo wëssen, datt mer Passagéier mathuelen. De Fliger géif et kënne maachen, mee mir ginn net dohinner."

Elo hu mer esou vill Froen scho gekläert, just eng nach net: Firwat muss en den Handy am Fluchmodus hunn?

"Also d' Haaptiddi vum Flugmodus ass deen, datt mer eis Navigatiounssignaler wëlle protegéieren. A bei der Luxair maache mer bei den Niwwel-Bedéngungen eng zousätzlech Annonce, déi net onbedéngt bei anere Firme gemaach gëtt. Dofir, dowéinst gëtt et heiansdo Malentenduen, wou mer de Leit dann nach eng Kéier spezifesch soen, datt d' Apparater alleguer sollen ausgeschalt ginn. An d' Iddi do hannendrun ass eeben, fir d' Navigatiounssignal ze protegéieren, op déi bescht méiglech Aart a Weis. Et ass gewosst, datt déi nei 5G Netzer a Frequenzberäicher operéieren, déi kënne parallel lafe mat verschiddenen Navigatiounssystemer. Dat ass elo net geféierlech an et ass bis ewell och nach weltwäit näischt geschitt, mee et ass gewosst, datt do eventuell Interferenze kënnen entstoen."

Hei de Site wou ee sech vu September u ka fir d'Couren umellen: https://www.luxair.lu/de/informationen/entspannt-fliegen/ (d'Kueren sinn 2026 an ëmmer ganz séier ausverkaf)