D’Kanner déi elo nolauschteren, wëlle warscheinlech nach guer net drun denken, an awer geet et sou lues a Richtung Rentrée an neit Schouljoer. Natierlech heescht dat d’Material preparéieren a lues a lues mol de Schoulsak prett maachen, eppes anescht dierf awer och net vergiess ginn: An zwar de Schoulwee – a fir dass deen esou sécher wéi méiglech fir Är Kanner ass, soll dëse schonn am Virfeld geüübt ginn, fënnt d’Isabelle Medinger, Direktesch vun der Sécurité Routière. 

01/09/2025 Cut 1 Schoulwee Rentrée

“D’Eltere solle mam gudde Beispill virgoen an eng flott Mobilité douce virliewen. Si solle Respekt an Toleranz am Stroosseverkéier weise vis à vis vun deenen aneren. D’Eltere sollen de Schoulwee och mat hire Kanner zesumme goen an de sécherste Wee aussichen, also wou si en Zebrasträifen notze kënnen oder eng rout Luucht ass. Da solle Weeër evitéiert ginn, wou d’Kanner net gutt gesinn an net gutt gesi ginn."

Also net grad an enger Kéier iwwert d’Strooss goen an och net einfach hannert engem Auto erausluussen. Mee natierlech och net bei rout iwwert d’Strooss. Bei Zebrasträife waarden, bis den Auto och wierklech bremst an a Punkto Visibilitéit gëllen och déi richteg Accessoiren.

01/09/2025 CUT 2 Schoulwee Rentrée

“Et gëtt jo elo scho Material a Kleedung kaf. Et sollt een also och elo schonn drun denken hell Kleedung ze kafen oder och Accessoiren, déi reflektéieren. Vun der Securité Routière gëtt et awer och wéi al Joers rëm d’Blinki-Aktioun fir d’Kanner.”

An elo e klenge Rappell fir d’Automobilisten: Dës solle besonnesch gutt oppassen a responsabel fueren an dat mat der richteger Vitesse. Sou wéi eigentlech ëmmer soll sinn.

01/09/2025 Cut 3 Schoulwee Rentrée

“Tempo 30 ronderëm d’Schoulen, souwisou d’Vitesslimitatiounen anhalen. An sech ëmmer drop gefaasst maachen, dass Kanner awer méi imprevisibel kënne sinn, besonnesch wa se a Gruppen ënnerwee sinn.”

Vill Accidenter kéinte mam richtege Verhale verhënnert ginn an de Schoulwee eleng goen, ass fir Kanner dacks en éischte grousse Schratt.

[document id="370321"]