An elo an de nächste Minutten e fusch neien Automusée deen elo kierzlech fäerdeg ginn ass, a seng Diren fir de Public opgespaart huet. Et geet op Lier bei Antwerpen, an do heescht et elo „bienvenuti“ an der Squadra Abarth Collection.

Do huet e sech e bekannten belsche Rallye Pilot e Lieweswierk geschaaf. De Christian war op der Ouverture mat dobäi a konnt och schonn do ganz vill Impressioune kréien.

05/09/2025 Automag Squadra Abarth Collection zu Lier

Jo genee. Iwwregens och eng Première fir mech. Wëll war a villen Kollektiounen op Besuch gewiescht, mee nach ni bei der Inauguratioun.

An e ganz houfrgen Guy Moerenhout hate mir um Mikro deen eis séng Kollektioun weist déi elo zu Lier e neit an imposant Doheem huet.

Vous avez ici 200 voitures sur une base de 5 000m2. Pas seulement de voitures, mais aussi une bibliothèque, un bar, et un garage en bas. Parce-qu' on travaille avec nos voitures, ces voitures roulent, et en fait des rallyes, des démonstrations, des courses de côte. Ce n'est pas un musée statique, mais un musée vivant. 

De Schwéierpunkt leit op der Mark Abarth, a fir déi Amateuren ass dat elo en absolutte „Must see“. Mee längst net nëmmen déi wäerte begeeschtert sinn.

Nous avons une très grande collection Abarth, mais non seulement. Aussi des Ford, Simca, des DAF et Porsche, mais les tous ont un lien avec Abarth. Parce-que Carlo Abarth on pense que c'était un mécano qui travaillait différentes voitures. 

An deem impressionante Neibau ass e natierlech och op de Spuere vum Carlo Abarth, dee legendären a genialen Autokonstrukteur.

A verschidden Kapitelen a Geschichten ass di Squadra Abarth Collection opgedeelt.

Besonnesch gelongen ass och déi vun Dolce Vita Italia.

A ganz witzeg och „La Storia de Guy“ wou de Visiteur a Kontakt mam Rallye Pilot Guy Moerenhout kënnt, och wann dee guer net am Haus ass. Et kann een him do Froe stellen, wou dann Anekdoten op Tapéit kommen a verzielt ginn.

Et soll e liewege Site ginn, an dofir huet een do schonn e puer Iddien?

On va inviter les gens pour l'organisation de rallyes des incentifs. Vous avez une idée, laissez-nous savoir et on va réaliser votre rêve comme nous avons réalisé le nôtre. 

A mir Lëtzebuerger sinn besonnesch bienvenue

J'ai beaucoup d'amis là bas, j'invite tous les luxembourgeois, les "Lëtzebuerger"

Lier bei Antwerpen ass elo di nei heemlech Haptstad fir d’Frënn vun der Mark mam Skorpioun am Logo, an de Carlo Abarth wär houfreg op déi Kollektioun um Bord vun Antwerpen.