2020 huet een zu Ettelbréck fir déi éischte Kéier d'Inten an der Sauer géintenaner untriede gelooss. Elo 5 Joer sinn et där plastiks Intercher well eng Partie méi ginn. Ma donieft erwaart d'Leit um Stackelser Inte Fest bei den Däichhalen och nees e gutt gefëllte Programm mat villen Aktivitéiten, dat ab 10 Auer Moies, Nicky Soisson.

02/09/2025 Summer-Agenda: D'Stackelser Intefest zu Ettelbréck

Den Entrée ass iwwregens gratis a fir all verkaaften Int geet jeeweils 1 Euro un d'Fondatioun vun der Amicale vun den Ettelbrécker Pompjeeën déi déi Suen da fir de gudden Zweck ausginn. Weider Informatioune ginn et hei: