© Luxembourg Business Registers
Eng vun de villen Demarchen déi ee maache muss, wann ee sech selbststänneg mécht a seng Firma grënnt, ass dës ze enregistréieren. An dat mécht ee beim Handels- a Firme-Regëster vum Luxembourg Business Registers, kuerz LBR. Yves Gonner, Direkter:
19/09/2025 Entreprenariat: Firma an den RCS androe loossen cut 1
Dat heescht, dass och wann der Kreativitéit wéineg Grenze gesat gi wat de Choix vum Numm ugeet, een net däerf géint den Ordre public stoussen. An da muss dee gewielten Numm och nach fräi sinn:
19/09/2025 Entreprenariat: Firma an den RCS androe loossen cut 2
E gudde Rot ass sech prinzipiell mam Sujet ausenaner ze setzen éier een den Depot beim Handels- a Firmeregëster mécht:
19/09/2025 Entreprenariat: Firma an den RCS androe loossen cut 3
An deem Sënn recommandéiert den LBR den Numm well am Virfeld bei hinne kontrolléieren ze loossen. Ma opgepasst, bei dëser Kontroll gëtt net gekuckt ob den Numm eventuell ënnert anerem duerch Marken oder Brevete geschützt ass. Dat fält ënnert d'Propriété intellectuelle.
U wien ee sech dofir wende kann, gesi mir am drëtten a leschten Deel vun eisem Sujet iwwert de Choix vum Numm vu senger Firma. Dëst géint 13h20 hei bei eis op der Antenn.