
© pixabay
Et geet erëm lass. Dat neit Schouljoer steet virun der Dir an domat och vill kleng a grouss Changementer am Alldag. Tëscht neie Stonnepläng, volle Rucksäck a frëschem Schoulmaterial stellt sech och eng ganz praktesch Fro: Wat kënnt an d'Schmierekëscht? Dass d'Kanner konzentréiert a gestäerkt duerch de Virmëtteg kommen, rentéiert sech e Bléck op Snack-Iddien fir déi grouss Paus.
Wann de Kaffi Moies e bësse méi liicht ausgefall ass, da kann een de Kanner eppes mat an d'Schoul gi, wat se ganz gären hunn, nämlech de Paangech, an dee kann een och schonn den Dag virdru preparéiere, Carlo Sauber, Kach am LTB zu Bouneweg:
Do brauch een och elo net ganz vill Zäit, well dat relativ rapid geet. Et hëlt een d'Miel, wat een an enger Schossel dann zu engem klenge Vulkan mécht a bannendran d'Eeër, mat der Mëllech, alles wat flësseg ass, d'Salz, den Zocker, kann zesumme kann opréieren a lues a lues ëmmer d'Miel mat bäihuelen. Da gëtt de Botter geschmolt, en Deel dovunner e Bësselche mat an den Deeg ageschafft an da geréiert mam Biesem zu engem glaten Deeg, datt keng Knäpp dra sinn.
Nodeems mer den Deeg e bësse stoe loossen, dass d'Miel gutt opquëlle kann, bake mer d'Paangecher da mat engem Stéck Botter dënn an der Pan. Wichteg ass, dass d'Fett gutt waarm ass, dass de Paangech net upecht.
Voilà, fir datt dat Ganzt och säfteg ass, kënne mer de Kanner ganz gären och esou e Jugurt huelen, dee mat enger Banann mixen, sou datt mer do e klenge Smoothie kréien, dee mer dann de Kanner kënne bei den eropgerullte Paangech an engem klenge Glas Dëppchen oder Fläschelchen derbäi ginn, soudatt een dann u sech de Paangech huet, fir en plus mat der Banann e ganz narhafte Snack an der Paus ze hunn, fir bis an d'Mëttegpaus gutt kënnen iwwerbrécken. Voilà, gudden Appetit!
Eng ganz narhaft Kollatioun mat Mëllech, Eeër an Zocker ass e Pain Perdu, oder den aarme Ritter, wéi en och gäre genannt gëtt, bei deem een e bësse méi alt Brout oder Briosch ka verschaffen.
Wéi mécht een dat? Ganz einfach gëtt d'Mëllech mat den Eeër an e bësselchen Zocker opgeklappt an da ginn déi gedréchent, méi al Stécker Brouttranchen, wärend fënnef Minutten dran ageweecht, an Tëschenzäit eng Kéier dréien, fir datt se och op béide Säite schéi gläichméisseg an där Mëllech kënnen do ageweecht ginn an da ginn se am Botter eng Kéier ugebroden, fir datt se gutt knuspreg karamelliséiere ronderëm an esou d'Kanner dat och ganz, ganz gären hunn.
E Pain Perdu brauch een och net an de Frigo ze maachen an et kann een de Kanner Moies esou mat an d'Schoul ginn, mat engem klengen Dëppche Gebeess oder Jugurt fir derbäi.

© pixabay