Wann et an der Schoul schellt, da freeën d'Kanner sech op e bësse Beweegung an e gudde Pausesnack. Als Elterendeel steet een domat all Dag virun engem Challenge: Wat gëtt een dem Kand haut mat an d'Schoul? Gesond soll et sinn, Ofwiesslung soll an d'Këscht a schmaache soll et natierlech och. Mir hëllefen haut mat e puer kreativen Iddie fir d'Schmierekëscht.

12/09/2025 Wat kënnt an d'Schmierekëscht

Als éischt gi mer mol dovunner aus, dass Moies eng Klengegkeet beim Kaffisdësch giess gëtt, fir gutt an den Dag ze starten. Fir d'Zäit tëscht dem Kaffi Moies an dem Mëttegiessen z'iwwerbrécken, mécht e Pausesnack Sënn, fir d'Konzentratiounslach ze stoppe, Carlo Sauber, Kach am LTB:

Firwat d' Konzentratiounslach opfëllen? Dat ass, well d'Energiequell am Prinzip ëmmer offëllt an dofir déi Kollatiounen ganz wichteg sinn, wou een da méi Kollatiounen och soll abauen, déi awer ganz liicht sollen ausfalen, well de Mo jo net soll iwwerlaascht ginn, weeder moies fir an d'Schoul nach fir soss, well dann d'Konzentratioun eigentlech géif ofhuelen an d'Verdauung méi Energie brauch wéi eigentlech de Kierper. An dofir soll et liicht ausfalen.

D'Fieberen, also d'Ballaststoffer sinn do eng gutt Quell fir dat op laang Zäit kënnen ofzebauen an esou d'Hongergefill no hannen ze drécken. Hei offréiert sech zum Beispill e Müsli gutt, deen een esou ka gestalten, dass en och fir eis Kanner attraktiv gëtt an net just no Kären ausgesäit.  

An zwar kann een do en Naturmüsli huelen, wou een dann eeben all Méiglechkeeten huet, fir en esou ze gestalten. Zum Beispill mat frëschem Uebst. Mir hunn elo eng Saison, wou wierklech extreem vill Uebst ze kréien ass. An esou, datt een et am frëschen moies dann einfach e bësselche kleng schneit an an de Müsli mécht, et kann een dann dat Ganzt mat e bësselche Mëllech, Jugurt, et kann een awer och Skyr huelen oder e wäisse Kéis, opréieren an domadder de Müsli och säfteg maachen, datt e ganz agreabel schmaacht.

RTL

© pixabay

E weidere wäertvolle Pausesnack ass de Smoothie, dee mer och esou gestallte kënnen, dass en alles dran huet: Vitaminnen, Flëssegkeet, an och Kären, déi mer mat dra verschaffe kënnen. Hei kënne mer och e bësse gefrueren Uebst benotzen:

Dat kënnen Äerdbier sinn, dat kann awer och Hammbier sinn, dat gëtt der mat zwee Deziliter Mëllech e bësselchen Hunneg, fir dat Ganzt och ze séissen, gemixt, datt et gutt schaimeg gëtt. A mir maachen dann zum Schluss och nach net ze vill, awer ganz klenge Kaffisläffelche mat Läinkären derbäi. Déi Läinkären, wann déi gemixt ginn an duerno och wärend zwou, dräi Stonne rouen, da quellen déi op a maachen u sech eng ganz agreabel Konsistenz, déi e bësselche méi déckflësseg ass zu eisem Smoothie.

Dat kann een de Kanner an eng Fläsch maache fir mat an d'Schoul, e Snack dee ganz narhaft ass, et ass awer och eng grouss Mineralquell fir d'Konzentratioun ze stäipen.

RTL

© pixabay