D’Bananenflanke – dat ass eppes, mat deem net jiddereen eppes ufänke kann. Den Tréierer Jens Wilbert huet dësen däitsche Projet elo op Lëtzebuerg bruecht. D’Céline Spithoven huet mat him geschwat

15/09/2025 Bananenflanke 9h40

Bananenflanke ass e Futtballveräin, méi genee e Club fir Kanner a Jugendlecher mat enger Beanträchtegung. Gegrënnt gouf dës Organisatioun viru méi wéi 10 Joer vun zwee jonken Educateure vu Regensburg, déi vill mat beanträchtegte Kanner geschafft hunn. Mëttlerweil gëtt et 25 Clibb vun der Bananenflanke a ganz Däitschland an elo och hei zu Lëtzebuerg. An dat net vu Muttwëll:

 ((CUT))

Wéi de Jens Wilbert iwwerhaapt op d’Bananenflank komm ass, dat huet e ganz perséinleche Grond: säi Jong Matteo, haut 17 Joer al, huet Trisomie 21 an hat et am gewéinleche Veräin net ëmmer einfach.

((CUT))

Do huet de Matteo erëm Freed um Spille fonnt – a säi Papp war séier iwwerzeegt, datt och aner Kanner déi Chance sollten hunn. Zesumme mat engem Lëtzebuerger Kolleeg huet hien elo d’Bananenflank op Lëtzebuerg bruecht an dat war net einfach. Annerhalleft Joer Bürokratie, sëllegen Uriff a Mailen huet et gebraucht, bis si e klengen Terrain zu Betzder zur Verfügung gestallt kruten.

((CUT))

Den éischten Training ass den 22. September um hallwer 6 zu Betzder. An esou vill ass verroden: Plaz ass an der Ekipp nach fir e puer begeeschtert Futtballer. Vu 6 Joer u kann een Deel vun der Ekipp ginn. Déi eenzeg Viraussetzung ass en Handicapéierte-Schäin.