D'Biller uechter dat ganzt Land weise wéi uerg d'Situatioun no deem ville Reen ausgesäit. Vum klenge Schued bis bei déi grouss perséinlech Katastroph, wann ee selwer elo betraff ass, wéi geet ee bei senger Assurance vir? Deckt déi normal Waasserversécherung de Schuet vun Héichwaasser an de Konsequenze vum ville Reen iwwerhaapt of? Mir hunn nogefrot beim Marc Hengen, dem Direkter vun der ACA, der Associatioun vun den Assurancen zu Lëtzebuerg:

09/09/2025 Iwwerschwemmungen - Wat couvréiert d'Assurance?

Et ass net eng normal Waasserversécherung déi een do brauch mee eng Iwwerschwemmungsversécherung déi ugepasst gouf nodeem datt et kloer ginn ass dass mer méi dacks mat ganz staarken punktuellen Reefäll konfrontéiert wieren sou wéi dat an an der Nuecht de Fall ass.

Zanter 2017 gëtt et eng spezifesch Versécherung géint Iwwerschwemmungen, eng 'Assurance contre les inondations'. Zu wéi vill Prozent ass engem säi Schued mat där Versécherung gedeckt? Kann een dat esou allgemeng soen oder hänkt dat vun der Situatioun of?

Déi minimal Couverturen déi d'Assureuren deemools offréiert hunn déi hänken dovun of wou dat Haus oder dat Appartement ass. Fir déi normal Zonen ass et e Minimum vun 250.000 Euro déi ofgedeckt sinn an an der Zone Inondable sinn et der Minimum 20.000. Dat ass dee Standard deen deemools pauschal ugebuede gouf wat tëscht der ACA an dem Finanzministère ofgemaach gouf. Et kann awer sinn, dass Gesellschaften och doriwwer eraus ginn.

Wéi geet een elo vir wann een e Schued huet? Vu wéini u kann de Geschiedegten sech mellen? Waart ee bis d'Waasser fort ass, bis en definitiven Inventär ka gemaach ginn oder huet ee besser et mellt ee sech schonn am Viraus bei senger Assurance?

Et ass wichteg, dass een dem Assureur séier Bescheed seet, duerch en Email oder Telefon un d'Gesellschaft oder un den Agent. Do kritt een da gesot wéi et weider geet a wat déi eenzel Persoun soll maachen. E klenge Kontakt geet duer fir datt en Dossier opgemaach an e Suivi gemaach gëtt. Et ass och unzeroden e puer Fotoen ze huelen vun deem wat geschitt ass, vun deene Saachen déi futti sinn, datt een dem Assureur dat duerno ka schécken a weisen fir datt dee Schued sou séier wéi méiglech finanziell kann ofgeschloss ginn.

Et gëllt also, trotz Opraumaarbechten a Botzen sou séier wéi méiglech de Kontakt opzehuelen mat der Assurancegesellschaft, respektiv mam Agent, wéi gesot de Fall gesat et huet een eng extra Iwwerschwemmungsversécherung.