Stock-Car ass zu Lëtzebuerg einfach Traditioun. A mëttlerweil ginn och offiziell Championnater gefuer. Gëschter war dann déi grouss Finall zu Rammerech. D'Visiteure stoungen déif am Bulli an och den Autoen huet een déi lescht Coursen nawell ofgesinn an awer koumen d'Spectateuren op hir Käschten. Dorënner Jonker, déi fir d'éischt do waren an anerer, déi keng Course verpassen. Mee wat begeeschtert d'Leit esou um Stock-Car?

15/09/2025 Microtrott Stock Car Rammerech 6h10

Jo, dat Geknupps a sech iwwerschloen schéngt fir déi meescht den Highlight ze sinn. Natierlech versichen d'Motorsportler gréisser Accidenter a Blessuren ze vermeiden. An awer bleift ee fir den Eeschtfall preparéiert. Hei kënnt d'Motorsport Rettung Lëtzebuerg an den Asaz. Benevollen, déi alles am Bléck hunn, wéi de Marc Ludwig vun MRL erzielt.

15/07/2025 Cut MRL Stock-Car Rammerech 6h10

Scho laang war et beim Stock-Car net méi sou spannend a knapp bis zum Schluss. Dräi Clibb louche bis déi lescht Course Kapp u Kapp. Duerchsetze konnte sech um Enn an der éischter Klass awer d'Power Bulls vu Préizerdaul mat e puer Punkte Virsprong.
An domat geet d'Stock-Car Championnat fir dës Joer op en Enn

15/09/2025 CUT Stock-Car Rammerech 6h10