Eis Kanner ginn an enger digitaler Welt grouss. Si gi schonn am jonken Alter mat den neie Medie konfrontéiert an ëmmer méi fréi wënschen déi Kleng sech dohier en eegenen Handy, am léifsten e Smartphone. Ronn en Drëttel vun alle Schüler am drëtten oder véierte Schouljoer hunn tatsächlech och schonn esou en digitalen Apparat. Vill Experten aus der Pedagogik, der Psychologie an der Medezin gesinn dat awer kritesch. Fir d'Elteren ass et sécher net ganz liicht fir iwwer de richtegen Zäitpunkt ze decidéieren. Ab wéini mécht den éischten Handy Sënn a wourop sollt een onbedéngt oppassen? 

22/09/2025 Wat ass de richtegen Alter fir den 1. Smartphone

De Jeff Kaufmann vu Bee Secure erkläert:

All Kand an all Famill ass eenzegaarteg an hirer Constellatioun, respektiv an hirer Situatioun, wou se sinn, mee mir hunn awer do mat Bee Secure hei zu Lëtzebuerg awer scho Richtlinnen, wou mer soen, datt et virun zwielef Joer kee Sënn gëtt, fir dem Kand e Smartphone ze ginn, mat engem Internetaccès drop a sou weider. Firwat zwielef Joer? Dat ass gläichbedeitend fir vill Kanner mam Wiessel an d'Lycéeën, also schonn e Schratt Richtung Autonomie. An do ass et effektiv esou, datt den Handy deen Kand soll matkréien, an der Famill dann effektiv och en Theema gëtt.

Tippe, wëschen, surfen - dat bewierkt scho fréi eng Faszinatioun fir Kanner, besonnesch wann déi Grouss an hirem Entourage de ganzen Dag genee dat maachen. Et ass awer leider esou dass et um Internet eng helle Wull u Risike gëtt, besonnesch Biller oder Videoen, déi net altersgerecht sinn.

Dofir ass et och effektiv wichteg, fir sech do Gedanken ze maachen - okay, wat fir Inhalter sinn elo altersgerecht? Do huet ee Méiglechkeet effektiv als Elteren dann, fir d' Kanner och Accounts unzeleeën, déi kannergerecht fonctionéieren, an dass verschidden Inhalter eebe blockéiert sinn, respektiv, wat och e grousse Sujet ass, dat ass natierlech d'Bildschiermzäit. An do huet een als Elteren natierlech och d'Méiglechkeet, fir d'Handyen an d' Geräter esou opzestellen, dass d'Kanner just eng gewëssen Unzuel u Minutten oder Stonnen am Dag Accès kréien op Geräter an deementspriechend och Accès kréien op d'Inhalter.

Fir e gutt Gefill ze kréie bidden sech och e puer Tester un, wéi e Surfschäin op Internet-abc, wou een zum Beispill wësse muss, dass en Touchscreen net e Computer fir ze heemelen ass oder Cookies keng Kichelcher sinn.

Mir hu mat Bee Secure eng ganz Rei Formatiounen, déi mer schonn am Fondamental ubidde, fir iwwert d' Risike vum Internet ze schwätzen. Duerno geet dat och weider am Lycée, wou mer dann och nach eng Kéier opgräifen, wat heescht da lo en eegene Handy ze hunn? Wéi fonctionéiert den Internet? Wéi gi vun Applikatiounen aus Donnéeë gesammelt a wat gi mat deenen Donnéeë gemaach? Wéi geet ee mat Desinformatiounen, also mat Fake News am Internet ëm? Dat si Saachen, déi mir hei bei eis am Land traitéieren an da ginn et dann och an der Schoul scho Fächer wéi Science Numérique, wou déi Saachen och nach eng Kéier opgegraff ginn.

E wichtege Punkt ass och, ob den Nowuess et schonn drop huet jugendfrëndlech Säite vu manner fiable Säiten z'ënnerscheeden. Fir den Ufank bidden sech Kannersichmaschinne wéi "Blinde Kuh", "fragFINN" oder "Helles Köpfchen" un, déi just gefiltert Resultater weisen. Och bei Bee Secure fënnt een Hëllef an Ënnerstëtzung:

RTL

© Unsplash