Et ass fir déi 3. Kéier, datt d'POST e Kryptotimber erausgëtt a fir den Dag vum Fridden, den 21. September, kann ee sech och fir en extra Timber freeën.

20/09/2025 Nei Timberen: Kryptotimber an Timber fir Fridden

Nom Léiw an Draach, gëtt sech dëst Joer op déi griichesch Mythologie konzentréiert, de Claude Balthasar, Responsabel vu POST Philately. Do hu mir hei zu Lëtzebuerg d'Gëttin Artemis op eisem Timber zréckbehalen. D'Artemis ass d'Gëttin vun der Juegd, der Natur, awer donieft och d' Beschützerin vun den Déieren. Mir hu versicht, wéi bei all aneren Timber, och e Bezuch zu Lëtzebuerg ze hunn. An ech denken, d'Natur ass huet zu Lëtzebuerg e wichtegt Thema. Mir hu vill Natur an och eist Land huet ganz vill doranner ze bidden. 

 

RTL

© POST Philately

Wéi déi Jore virdrun ass d'Erausgi vun engem Kryptotimber eng Zesummenaarbecht mat Posten an anere Länner, wéi där aus Éisträich, Holland an der Belsch, dëst Joer ass Portugal och bei Realisatioun vun dësem Kryptotimber derbäi, dat mat anere griichesche Gëtter an déi kann een dann natierlech nieft dem Lëtzebuergeschen zanter dem Donneschden och kafen op postphilately.lu an an der Post hire Schalteren. Klenge Rappell, wat ass e Kryptotimber? E Kryptotimber ass fir d'éischt emol en normalen Timber, deen ee ka benotzen, fir e Bréif fräizemaachen. Den Timber huet awer nach dat, wat e speziell mécht, dofir de Krypto, en digitalen Zwilling an der Blockchain. Dat heescht, et kann een och nach sammelen andeem een dann en digitale Wallet mécht. Dat ass en NFT u sech, deen een dann do ka sammelen, verkafen, tauschen oder ganz einfach och halen.

Den digitalen Zwilling gëtt et dann och verschiddene Faarwen. Vum Kryptotimber eriwwer bei de Friddenstimber, deen elo extra fir de Friddensdag den 21. September ze kréien ass.  D'Motiv vum Timber ass u sech ganz einfach gehalen. Et ass eng Dauf als zentraalt Motiv op engem wäissen Hannergrond an den Timber ass, wéi gesot, net gedréckt wéi déi üblech Timberen, mee et ass e brodéierten Timber.

RTL

© POST Philately

Dëse speziellen Timber ass eng international Initiative an Zesummenaarbecht mat der UNO. Déi Timbere sinn och alleguerte vum Visuell hier d'selwecht. Dat heescht, et ass ausser den Angabe vum Land a vum Tarif ëmmer dee selwechte Motiv an och dee selwecht Format, deen ee ka kréien.

Dësen Timber eenegt sech natierlech ideal fir ze sammelen...mä et geet eis hei wierklech drëm, dass de Message, dass deen duerch d'Welt zirkuléiert an dofir kann een och, wéi all aneren Timber och, dëse fir e Bréif huelen, fir eng Kaart huelen an da verschécken. Mir hunn och bewosst bei dësem Timber hei d'Oplag net kleng gehalen. Wéi all üblechen Timber hu mer eng Oplag vun 30.000 Exemplairen, well et eis wierklech wichteg ass, dass den Timber zirkuléiert, d'Botschaft och weidergedroe gëtt.

Zanter dem Donneschden kritt een de Kryptotimber an zanter dem Freideg dëse Friddenstimber. Kuckt dofir op

Nouvelle émission de timbres spéciaux
POST Luxembourg émet quatre nouveaux timbres spéciaux les 18 et 19 septembre 2025.

Le 18 septembre, POST Luxembourg émet le troisième crypto-timbre luxembourgeois. À l’instar des années précédentes, un motif similaire est émis simultanément dans d’autres pays avec lesquels POST Luxembourg collabore dans le domaine des crypto-timbres.

Le thème de cette année est la mythologie grecque. Déesse de la chasse et de la nature, Artémis orne le crypto-timbre luxembourgeois et honore la richesse et la diversité des paysages et forêts du Luxembourg. Cette édition est limitée à 15 000 exemplaires. Comme pour les éditions précédentes, les jumeaux numériques du crypto-timbre physique sont disponibles en cinq couleurs différentes.

Le 19 septembre, trois timbres spéciaux seront émis, dont un timbre brodé « Dove of Peace ».  Dix administrations postales internationales ainsi que les Nations Unies, l’Union postale universelle et le spécialiste autrichien de la broderie Hämmerle & Vogel GmbH & Co KG émettront un timbre brodé commun. La colombe, symbole universel de paix, d’espoir et de compréhension, a été choisie comme motif central pour transmettre un message clair au-delà des frontières : la paix commence à petite échelle, avec chaque individu.

L’émission SEPAC de cette année se focalise sur l’architecture des 9 pays membres. Le timbre luxembourgeois montre l’Hôtel des Postes, symbole architectural de la ville de Luxembourg construit entre 1908 et 1910 selon les plans de l’architecte Sosthène Weis.

La traditionnelle Journée du Timbre aura lieu cette année à Rodange. La sculpture Rail Owl, une chouette inhabituelle de 7 mètres de haut avec des plumes en profilés d’acier en provenance de l’usine de Rodange, illustre le timbre spécial émis à cette occasion.

Dédiée exclusivement à cette nouvelle émission de timbres, la publication Philatelux de septembre 2025 énumère les différents timbres et fournit des informations sur leurs caractéristiques et motifs respectifs.

Les nouveaux timbres spéciaux sont disponibles à partir du 18 et 19 septembre 2025 dans la boutique en ligne de POST Philately - www.postphilately.lu, au Guichet Philatélique (Espace POST Luxembourg-Gare), ainsi que dans tous les Espaces POST et bureaux de poste.