
Heiansdo mengt d'Natur et gutt mat engem Mënsch oder Déier, awer leider gëtt et och de Contraire. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet dagan dagaus mat allméiglechen Déirepatienten ze dinn, déi bal krank sinn, deenen eppes feelt, oder wou och emol eppes net sou geroden ass wéi et soll.
Eng léif franséisch Expat-Famill hat sech ugemellt fir hire neien Terre Neuve oder och Neufundländer-Mupp emol weisen ze kommen. Et wier eppes mat senge viischte Patten net ganz an der Rei. A si hätten elo nawell awer gär eng zweet Meenung no däer vun der Ziichterin selwer vun däer si am Midi den Hond viru Kuerzem deier kaaft haten. A scho wéi seng nei Meeschtesch mat deem klenge Muppe-Bëlles zur Dier erakoum, war d´Diagnos kloer: dat jonkt Plume hat op béide viischte Been e ganz uergen sou genannten 'Radius curvus'!
Kéint dat sech dann net nach mat der Zäit verwuessen?
Dat hat d´Ziichterin de Leit emol och an Aussiicht gestallt. Mais dat ass leider Fake-Information. De 'Radius curvus' ass eng Malformatioun vun de viischte Patten bei däer déi eng vun den zwou Ënneraarm-Schanken, de Radius, riicht weiderwiisst wärend déi aner, d´Ulna, mam Wuessen schonn opgehalen huet. Bei den Dackelen an e puer aner kuerzbeenege Rassen gëtt ee net ze schlëmme 'Radius curvus' nach toleréiert. Bei Honn mat normal laange Been ass déi Schanken-Pathologie ee grave Feeler, dee sech iwwerhaapt! net verwiisst! Eng ganz invasiv Korrektur-Chirurgie gëtt dann néideg, déi och am beschte Fall bei esou grousse, schwéiere Muppen wéi den 'Terre Neuven' keen iwwerzeegend Resultat brénge kann.
Mat immens schwéierem Häerz huet d´Famill di jonk Neufundländerin der Ziichterin hannescht an de Midi gefouert déi elo hier eege Prognos kann revidéieren, oder och net.