Haut beschäftege mir eis um Radio mam House of Training. Hei ginn all Joer Honnerte Formatiounen ugebueden an déi d’Entreprisen hiert Personal schécken, awer och individuell kann een sech fir d’Coursen umellen. Et geet de Verantwortleche vum House of Training nämlech drëms, d’Kompetenze vun den Entreprisen am Grand-Duché auszebauen, fir datt se weiderhi kompetitiv bléiwen.

Dës Woch feiert d’House of Training 10 Joer, Zäit fir och déi Leit kennenzeléieren, déi déi Coursen organiséieren. Hannert all Formatioun stécht nämlech eng Iddi, en Zil – an dann eben och Leit déi d’Formatioun an déi ganz Programmer op d’Bee stellen. Ee wichtege Beräich ass natierlech d’Banken a Finanzwiesen, vill Formatioune ginn hei ugebueden. De Fabian Longo këmmert sech dorëms.

17/10/2025 House of Training 3

Mat enge 60 Organisatiounen a 600 Formateure schafft een zesummen, och de Stefano Paletta ass Responsabel dofir, datt verschidde Programm opgestallt an Trainer ausgesicht ginn. Et misst ee geziilt, schnell a praxisorientéiert schaffen.

17/10/2025 House of Training 4

D’Audrey Harselm ass Independant a Formatiounen halen ass hire Beruff. Virun allem Theme wéi Management, wéi ee Leit richteg astellt oder individuell Weiderentwécklung sinn hier Themeberäicher. Zanter 15 Joer ass si aktiv a gëtt och scho laang Coursen am House of Training. E Beruff deen hier vill Freed mëscht.

17/10/2025 House of Training 5

Realitéit amplaz just Theorie – dat ass d’Philosophie vum House of Training. Profie forméiere Profien – fir datt Lëtzebuerg och muer ka mathalen.