E gudden Espresso kënnt net vun ongeféier - dat brauch Übung an Zäit. Dat si mer de Moie scho vum Barista vun Diddeleng gewuer ginn. Mir beschäftegen eis haut nämlech mam Kaffi a mam Beruff vum Barista. Et ginn ëmmer méi Coffee Shops am Land, de klasseschen Espresso drénkt awer net jiddereen. Besonnesch e Cappuccino oder Latte si beléift, grad sou wéi Gedrénks dat an d'Joreszäit passt, wéi zum Beispill e Pumpkin Spice Latte. Dernieft wier och déi regulär Mëllech ëmmer manner gefrot, amplaz sinn et vill méi d'Alternative wéi Huewermëllech. De Loïc Juchem hëlt eis elo nach emol mat bei de Barista.
Fir dësen Interview hu mir eis mam Jacques Mossong, mam Gérant vum Biz - Coffee Shop zu Diddeleng getraff.