"D'Logementspräisser mussen erofgoen"
En Dënschdeg de Moie war déi aktuell Regierung Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Diversifikatioun vun der Ekonomie, Terrain mobiliséieren, Prozedure vereinfachen. Den Entrepreneur a President vun der Handwierkerkammer Tom Oberweis huet en Dënschdeg de Moien hei op RTL lauter al Revendicatioune vun den Entreprise widderholl. Revendicatiounen, déi nach ëmmer aktuell wieren an ëmsou méi néideg, well d'Ekonomie net méi esou rulle géif, ewéi et néideg ass.
D'Handwierkerkammer huet an hirem Avis zum Budgetsprojet fir d'nächst Joer d'Suerg ausgedréckt, datt d'Regierung eng Kéier verpasst. Den Tom Oberweis, vu Beruff Bäcker-Patissier, huet et einfach erkläert: d'Ekonomie stagnéiert an d'Rechnung riskéiert, net méi opzegoe fir de Sozialstaat an déi néideg Investissementer. "Gottseidank" ass d'Betribssteier ëm 1 Prozentpunkt dëst Joer erofgesat ginn an den 1. Januar nach emol. Dat géing awer net duergoen – "de Kader feelt", esou den Tom Oberweis.
Hien huet hei, wéi gesot, eng Rei Saache widderholl: d'Ekonomie misst weider diversifiéiert a manner ofhängeg vun der Finanzplaz ginn. D'Betriber bräichte Plaz, fir sech z'entwéckelen. D'Prozeduren oder d'administrativ Chargë misste méi schlank ginn. De President vun der Handwierkerkammer huet op d’mannst dem Wirtschaftsminister Lex Delles eng gutt Nott ginn.
"Ech vertrieden hei d'Leit, déi bauen, déi schaffen"
De Logement wier d'Mamm vun all de Problemer. Den Tom Oberweis huet d'Aschätzung gedeelt, datt wéinst den deiere Wunnpräisser, Drock op d'Paien an dowéinst och op d'Betriber léich. Mee de Problem wier och schonn eleng do, well d'Betriber manner Leit géinge fannen, fir op Lëtzebuerg ze kommen an d'Beschäftegung am Bau selwer wier ëm 8% agebrach.
Fir de President vun der Handwierkerkammer misst de Staat massiv investéieren, méi Zesummenaarbecht tëscht Public a Privé ënnerstëtzen an d'Präisser misste falen.
Op d'Remarque, datt dat awer net gutt fir déi ass, déi eng Plus-value wëlle maachen huet hie geäntwert: "ech vertrieden hei d'Leit, déi bauen, déi schaffen an do ass d'Kris am Moment grouss."
D'Pausen am Aarbechtsrecht
Dem Tom Oberweis säi viregte Besuch bei eis am Studio war am Juni, virun der grousser Maniff vun de Gewerkschaften an de Sozialronnen, bei deenen d'Regierung a Punkte Renten a Kollektivverträg ferm zeréckgeruddert ass. Och hei wiere "Saache verpasst ginn", esou de President vun der Handwierkerkammer bal en halleft Joer duerno.
Hien erhofft sech awer elo Kompromësser op de Bipartitten, wou d'Regierung separat mat Patronat a Gewerkschaften iwwert d'Aarbechtszäitorganisatioun verhandelt. Hien huet d'Aschätzung vum President vun der Union des entreprises, dem Michel Reckinger, gedeelt, datt d'Aarbechtsrecht net méi ugepasst wier. Notamment a punkto Pausen: am Moment ass maximal eng onbezuelte Paus erlaabt, mee d'Patronat seet, d'Leit géingen haut méi Pause maachen.
D'OGBL-Presidentin Nora Back hat awer gefrot, ob dann och all d'Deplacementer vu Botzfraen an Infirmière sollen onbezuelt sinn? Den Tom Oberweis sot en Dënschdeg de Moien: "ech mengen dat ass eng aner Diskussioun." Et géing ëm d'Salariéë goen, déi selwer méi flexibel wéilte schaffen.
"Et muss jidderee soe wat e mengt"
Den Tom Oberweis ass och Vizepresident vun der Union des entreprises. De President Michel Reckinger hat virun der Maniff d'Leit opgeruff, net dohinner ze goen. War dat e Faux pas? "Et muss jidderee soen, wat e mengt", esou den Tom Oberweis. Änlech ewéi hien am Juni "mir liewen an engem fräie Land" geäntwert huet, wéi mir hie gefrot hunn, ob et an der Rei wier, wann Handwierker op d'Maniff ginn.
Hien huet widderholl, datt a sengen Aen de Sozialdialog an de Betriber gutt géing funktionéieren. D'Patrone géinge sech "net vill eraushuelen", missten och kucken, um Enn vum Mount d'Enner beieneen ze kréien a wéilten hir Leit halen, fir datt de Betrib gutt leeft.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.