De Max Verstappen ass de leschte Weekend zu Las Vegas eng 4.te Kéier noeneen Formel 1 Weltmeeschter ginn. Et bleiwen nach zwou Courssen ze fueren. Lo geet et schonn direkt weider mam Grousse Präis vum Qatar. En plus ass et e Sprint-Weekend. Den Jetlag fir de ganze Formel 1 Zirkus an d'Konstrukteursweltmeeschterschaft stinn an de nächsten Deeg am Mëttelpunkt, Franky Hippert:

28/11/2024 13h20 Formel 1 Virschau Qatar

An dir kënnt dat Ganzt nees op RTL Lëtzebuerg suivéieren. Lass geet et de Mëtteg um 1/2 3 mam fräien Training op rtl.lu. Den Owend um 1/2 7 ass dann d'Sprint-Qualifikatioun och op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee. Muer fänkt d'Sprintcourse Mëttes um 3 Auer un, d'Qualifikatioun fir de Grand Prix ass dann Owes um 7 Auer. D'5 rout Luuchten beim Grousse Präis vum Qatar ginn e Sonndeg am Nomëtteg um 5 Auer aus..., de Virprogramm fänkt um 1/4 op 4 un.