Dat sot nom 5. Prozessdag den Affekot vun engem vun den Ugekloten. Och zum Optakt vun der 2. Woch bleiwen d’Gewässer dréif.

"D’Spuer Geiben ass e Schlësselelement vun der ganzer Enquête", mengt den Enquêteur, a widderhëlt domat dat wat och schonn d’Enquêteure virun him ugeholl hunn. Et dierft net erauskommen, wat do passéiert ass, wëll soss dat ganzt Kaartenhaus a sech zesumme géing falen. Gemengt ass domat, dass d’Observatioun op de Ben Geiben, de fréiere Chef vun der Elite-Unitéit vun der Gendarmerie den Dag nom Attentat op de Palais de Justice am Oktober 1985 plëtzlech fale gelooss ginn ass. Bis dohi war dëst déi villverspriechendst Spuer an der Opléisung vun der Bommeleeër-Affär.
 
Sou huet sech dann och de Prozessdag e Méindeg vill ronderëm Aussoen zu dësem Dag gedréint. D’Enquêteuren haten sech am Detail mat de presuméierte Falschaussoe vum fréieren Adjoint vun der Elite-Unitéit, dem Guy Stebens, an deem sengem Chef, dem Pierre Reuland beschäftegt. Kloer ass fir den Nolauschterer ginn, dass eigentlech näischt esou richteg kloer ass. Weder de Chef aus där Zäit, nach säin Adjoint wëllen Ufanks vun der Observatioun Geiben gewosst hunn. Konnte sech dono liicht erënneren, mee kënne keng Grënn nennen, wisou dës vun haut op muer ënnerbrach gouf an hunn deemools och net nogefrot. Och wien de besoten Dag vun der Observatioun, an dem Attentat op de Palais de Justice am Oktober 85, en Charge war, ass net kloer aus hire widderspréchlechen Aussoen eraus ze liesen. Ma den Enquêteur huet gemengt, et wier schwéier sech virzestellen, dass d’Observatioun laanscht de Chef vun der Elite-Unitéit gaange wier. Den Affekot vun dësem huet betount, dass säi Mandant, de Pierre Reuland, bis haut iwwerzeegt wier, dass de Ben Geiben näischt mat der Affär ze dinn hätt. Eppes, wat sech bis elo och iwwert d'Instruktioun bestätegt hätt. De Ben Geiben muss sech nämlech net als Ugeklote viru Geriicht veräntwerten an och als Zeien an dësem Prozess sollt hien net nach eng kéier gehéiert ginn.  
 
Fakt ass awer och, dass de Pierre Reuland sech scho virun dem Prozess 2013/14 verdächteg gemaach huet. "Dir kommt bis op e gewësse Punkt, an dann ass Schluss", huet hien zu verschiddenen Uläss ëmmer nees gesot. Oder och, dass egal wat hie géing bei engem Verhéier gefrot géing ginn, hie sech net kéint erënneren. Den Enquêteur huet a senger Conclusioun gemengt, dass de Pierre Reuland Aussoe bewosst zréckgehalen hätt, déi zu der Opklärung vun der Wourecht bäidroe kéinten. An dass dëse méi wéisst, wéi hie viru Geriicht zouginn hätt. Den Affekot vum Ugekloten, de Roland Assa, huet direkt reagéiert: "Fir mech huet dat sech méi no engem Requisitoire a Charge, wéi no enger objektiver Ausso vun engem Enquêteur unhéieren." De Saz, "dir kommt bis op ee Punkt, an dann ass Schluss", hat den Ugekloten da schonn am Prozess 2013 relativéiert. Et wier en "administrative Sproch" gewiescht, well d’Enquête géing iergendwann op e Schluss kommen. D’Iwwerzeegung géing sech dann och schonn aus Deklaratiounen, ënner anerem vum deemolege Juge d’instruction Prosper Klein erginn, deen och gesot hätt, "dat kéim vu ganz héijem Niveau an do kéim senger Meenung no net vill dobäi eraus", huet de Maître Roland Assa betount.  

Falschausso, Ligen oder Kontradiktiounen

"Et si Kontradiktiounen tëscht de verschiddenen Zeien", mengt den Affekot vum Guy Stebens, de Georges Pierret. Si wieren 30 Joer no de Fakte viru Geriicht gehéiert ginn. Dobäi wieren si an d’»kaalt Waasser» geheit ginn, schliisslech hätte se d’Froen net kannt a sech net preparéiere kënnen, fir sech z’erënneren. Dass do verschidden Date oder Numm falsch sinn oder Reuniounen net konnte situéiert ginn, ass fir den Affekot vu vir era kloer gewiescht. "Mee fundamental ass keng falsch Zeienausso gemaach ginn, fir iergendwéi e Geriicht ierzeleeden", sot de Georges Pierret. Eng Lige kéint eng Falschausso sinn, misst awer net. Se misst dofir ënner Eed gemaach sinn, wëssentlech oder fir engem e Schued ze maachen.
 
De Prozess geet en Dënschdeg de Moie weider, mat de Plaidoirie vun den Affekoten.