• De PLUS

    • Sportlechen Design
    • Fuerspaass bei niddrege Vitessen
    • Verbrauch
  • De MINUS

    • Leeschtung un der ënneschter Limite
    • Präis
    • Nëmmen en Zweesëtzer

Den Honda Prelude ass zeréck! No iwwer 20 Joer Paus bréngt de japanesche Constructeur eng Neioplag op d'Strooss.

An do dierft natierlech eis Automag-Ekipp net feelen. Den Akim Schmit mat den éischten Andréck. 

Automag: Honda Prelude

Prelude – do dierft deen een oder anere virum Radio elo seng Ouere spëtzen. De Sportcoupé gouf vun 1978 bis 2001 a fënnef Generatioune gebaut. Elo steet déi sechst a Form vun engem rassegen 2+2 Sëtzer an de Startlächer. An déi iwwerrascht mat engem spuersamen Hybrid-Undriff.

RTL

© Akim Schmit

Dat kléngt no engem onkonventionelle Choix fir e Sportcoupé – fir et mol virsiichteg auszedrécken! 
Och déi aner technesch Donnée loossen elo d’Häerz net onbedéngt méi séier klappen: 184 Päerd Leeschtung, 8,2 Sekonne fir de Sprint vun Null op 100 an 188 km/h Spëtzt si lo net grad Wäerter, déi bei e Sportcoupé passen. An och dass e quasi-seriellen Hybridundriff verbaut ass, ass ongewéinlech.

RTL

© Akim Schmit

Hybrid kennen ech, mee wat ass dann e quasi-seriellen Hybridundriff? 
Ma dobäi gëtt de Verbrenner genotzt fir Stroum ze produzéieren, esou fiers de déi meescht Zäit reng elektresch. Eréischt bei méi héijer Vitesse, wéi op der Autobunn, dreift de Verbrenner dann d’Rieder direkt un. Ech muss zouginn, dat kléngt elo net no Fuerspaass - stufelos Boîtë konnte mech bis elo net begeeschtere – mee genee do kënnt den „S+ Shift“ an d'Spill.

RTL

© Akim Schmit

Dat kléngt no Sportmodus, oder ieren ech mech?
Richteg! Dohannert stécht eng virtuell Aachtgang-Ofstufung déi eng Duebelkupplung simuléiert: beim simuléierte Schalte gëtt kuerz de Gas ewech geholl, den digitalen Dréizuelmiesser mécht e Saz an akustesch gëtt et eng op d'Oueren. Ech muss zouginn: dat ass richteg gutt gemaach. Wien awer elo kee Fan dovun ass, wielt einfach de Confort oder GT-Modus. Well ofgesi vum Schaltverhalen an dem Klang ännert sech am Sportmodus net ganz vill.

RTL

© Akim Schmit

Wéi mécht sech de Prelude dann op der Strooss?
Beim Fuerwierk huet Honda sech um Civic Type R zerwéiert. De Prelude pecht dann och an de Kéieren an ech hat séier e Gefill fir den Auto. Dobäi kënnt, dass ee sech hannert dem Steier méi séier fillt, wéi een eigentlech ass an domat och Fuerspaass huet ouni ëm säi Führerschäin fäerten ze mussen. An trotz de Gene vum Civic Type R muss de der keng Suergen ëm deng Bandscheiwe maachen; scho guer net als Bäifuerer, well deem säi Sëtz méi mëll gepolstert ass ewéi dem Chauffer säin.

RTL

© Akim Schmit

Mee wou Luucht ass, ass och Schied heescht et…
E bësse méi Leeschtung hätt dem Prelude gutt gedoen: déi 8,2 Sekonne bis op Tempo 100 passen net wierklech bei de rassegen Optrëtt. An och de Präis kéint maachen, dass de Spaass eriwwer ass, ier en iwwerhaapt ufänkt. Lass geet et bei 48.350 Euro.

RTL

© Akim Schmit