
© afp
An der Formel 1 ass dëse Weekend déi 24.ten an domat leschte Course vun der Saison. Beim Grousse Präis vun Abu Dhabi stinn virun allem zwou Froen am Mëttelpunkt. Wien gëtt Weltmeeschter bei de Constructeuren a wie kann sech hannert dem Champion Max Verstappen, Vizeweltmeeschter nennen, Franky Hippert:
Op Tëlee Lëtzebuerg verpasst dir nees näischt. Dëse Weekend sinn d'Fräi Trainingen och op RTL Zwee, an natierlech nees online op rtl.lu an rtlplay...deen zweete fräien Training ass de Mëtteg um 2, an deen Drëtte muer um 1/2 12. D'Qualifikatioun gëtt muer de Mëtteg um 3 Auer gefuer. De Grand Prix fänkt e Sonndeg um 2 Auer un...de Virprogramm geet um 1/4 op 1 lass, an no der Course gëtt dann am Studio och nach de Réckbléck op d'Saison gemaach.