Gëschter waren an der héchster Divisioun am Fussball zwou Partien programméiert mee den Escher Derby gouf ofgesot, well den Terrain plazeweis ze vill gefruer war.

E puer Kilometer vun do ewech konnt awer zu Monnerech gespillt ginn an do huet Diddeleng am décken Niwwel mat 2:0 géint den Tabelleleschte gewonnen. Den F91 ass provisoresch op der 2. Plaz.

01/12/2024 12h20 Resume Fussball