
Dëse Weekend ass am nationale Futtball de leschte Spilldag virun der Wanterpaus an do huet et de Leader Déifferdeng eng éischte Kéier des Saison erwëscht. Géint de Racing gouf et nämlech eng 0-1 Néierlag. Et war e gelogene Samsdeg fir de Stater Fusionsveräin wëll och d'Dammen hu sech an der Coupe de Luxembourg an der Spëtzepartie géint Hesper mat 1-0 behaapt.
Spëtzepartie teschent dem Tabellendrëtten an dem bis dohinn ongeschloenee Leader Déifferdeng huet d'Leit elo net onbedéngt wärend 90 begeeschtert mee et war awer richteg spannend. Nodeems Déifferdeng virun allem an der éischter Halschent net efficace genuch war huet de Racing et nom Téi besser gemaach Et war keen aneren wéi de Buteur Mabella wou den eenzegen Goal vun der Partie geschoss dat zu grousser Freed vu sengem Trainer Yannick Kakoko.
CUT
Och wann et elo fir de Champion di éischt Néierlag gouf , Déifferdeng bleift Leader iwwert de Wanter an dat mat der beschter Defense grad ewei och di bescht Attaque. Den Arthur Abreu
CUT
Diddeleng konnt vum Déifferdeng Faux-Pas net profitéieren den F91 an d'Jeunesse ginn nämlech mat engem 1-1 auserneen. Wichteg Punkten krut den Opsteiger Hueschtert bei der 2-0 Victoire zu Péiteng.
Bei den Dammen stoung nach eng Partie vun den 1/8 Finalen an der Coupe de Luxembourg um Programm an do huet sech den Doublé-Gewënner Racing duerch e Goal vum Quatrana mat 1-0 zu Hesper duerchgesat. Et war net einfach mee haaptsach eng Ronn weider esou Trainer vum Racing Elodie Martins
CUT
Fir Dammen geet et elo an d'Wanterpaus