Vun elo un all Woch donneschdes online op RTL.lu a samschdes op Pabeier am "Lëtzebuerger Journal".

Dir wëllt d'Kräizwuerträtsel maachen? Drop klicken a lass!

Loscht op en neit Online-Kräizwuerträtsel (KWR) integral op Lëtzebuergesch? Voilà!

Zesumme mam Linguist Jérôme Lulling hat RTL Iech am Summer 2016 4 Woche laang ëmmer donneschdes e KWR proposéiert, dat Dir gemittlech op Ärem Smartphone, Tablet oder Laptop léise konnt. Dat ass esou gutt ukomm gewiescht, datt mir weidergefuer sinn - a vun elo un net méi eleng: All Woch zerwéiere mir Iech vum Mäerz 2017 un donneschdes e Rätsel um Internet a samschdes kënnt Dir dat dann och am Lëtzebuerger Journal op Pabeier fannen!

RTL

Test Äert Wëssen a Beräicher wéi Kultur, Sport, Politik, Geschicht, Theologie, Geographie oder Philosophie. Mä och Froen iwwert eis Sprooch gëllt et ze léisen.

Dat alleréischt Kräizwuerträtsel gouf iwwregens 1913 an der amerikanescher Zeitung New York World publizéiert. 1969 huet dunn de Maître Capello déi éischt "Mots fléchés" (Schwederätsel) op Franséisch erausbruecht. An zënter 2016 gëtt et da lo och komplett Online-Kräizwuerträtsel op Lëtzebuergesch - vun elo un dann online an op Pabeier :-)

Mir wënschen alle Leit dobaussen, déi matspillen, vill Spaass!

Merci soe mer dem Linguist Jérôme Lulling, deen et mat senger Wierder-Datebank méiglech gemaach huet, datt dës Online-Kräizwuerträtselen entwéckelt konnte ginn.