Mann zu Fouss op Autobunn ënnerwee
Zeie vun déidlechem Accident op der A1 gesicht
© Mobile Reporter
Nom déidlechen Accident e Mëttwoch de 5. November op der A1 a Richtung Stad sicht d'Police Zeien.
E Mëttwoch de 5. November war e 27 Joer ale Mann zu Fouss op der A1 ënnerwee, wéi hie géint 18 Auer vun engem Auto ugestouss gouf. De Mann war nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen.
An deem Kontext sicht d'Police Zeien, déi méiglecherweis eppes dozou soe kënnen, wéi et zum Accident koum. All Informatioune si fir d'Verkéierspolice per Mail un upr.sia@police.etat.lu.
Am meeschte gelies