D’Françoise Thoma gëtt hire Posten als Generaldirektesch vun der Spuerkeess op.

Dat huet de President vum Verwaltungsrot vun der Bank Camille Fohl e Méindeg de Mëtteg op enger Pressekonferenz annoncéiert. Si bleift awer um Poste bis hir Successioun assuréiert ass.

De Camille Fohl hofft, datt dee Prozess bis 2. oder oder 3. Trimester 2026 ofgeschloss ass. D'Bank géif en interne an dobaussen no engem Successeur oder enger Successeure sichen. D'Decisioun wier "d’un commun accord" geholl ginn, huet et op Nofro geheescht. D'Ëmfeld vun der Bank wier am Wandel a wéilt sech dofir mat enger neier Generatioun vun Decideuren opstellen, huet de Camille Fohl erkläert. D'Françoise Thoma soll dono awer Fonctionnaire vun der Bank bleiwen an als strategesch Beroderin fungéieren.

D'Françoise Thoma war vun 1999 u bei der Spuerkeess an huet d'Bank zanter 2016 als CEO geleet. Do virdru war si Affekotin a Member am Conseil d'Etat. Si ass an der Suite vun der Caritas-Affär ënner Drock geroden. Dat nodeems d'Bankenopsiicht CSSF der Bank eng Amende vun ronn fënnef Milliounen Euro ginn hat, well hir Systemer fir frauduléis Aktivitéiten ze detektéieren net à jour waren. De Camille Fohl huet erkläert, dës Elementer wieren een Accélérateur gewiescht, fir de generationelle Wiessel ze preparéieren, ma net dat eenzegt.