Aacht Finalisten, e Contest, eng Bün, mir verspillen nach ganz eklusiv eng Koppel Entréestickete fir déi grouss Show dëse Samschdeg an der Rockhal.

Maacht mat bei eisem Gewënnspill a gewannt mat e bësse Chance eng Koppel Entréestickete fir Live bei dem Luxembourg Song Contest an der Rockhal dobäi ze sinn. 
Kuerz nodeems Ticketen an d'vente gaange sinn, war d'Show de 27. Januar an der Rockhal schonn ausverkaf.

Déi ganz Woch iwwer fannt Dir op all eise RTL Kanäl eng sëllege Gewënnspiller fir nach deen een oder aneren Ticket ze gewannen, et heescht also d'Aen an d'Oueren opzehalen. Sief et um Radio op RTL Infos , RTL Today oder Today Radio, mir hunn momentan e puer Gewënnspiller wou dir Äert Gléck probéiere kënnt. 
De Gewënner gëtt den 24.01.2024 gezunn a per Telefon kontaktéiert, mir wënschen Iech op dësem Wee alleguerte Bonne Chance. Fir all déi, déi keen Ticket hunn: RTL iwwerdréit de ganzen Owend per Livestream op RTL Play an op RTL.lu.

Sollt d'Gewënnspill sech bei Iech net affichéieren, kéint dëst dru leien, datt Dir d'Cookies net akzeptéiert hutt.

Gewënnspill