Vun en Dënschdeg u rullt nees de Ball an der Champions League, dat da mam Optakt vun de Véierelsfinallen.

RTL ass do natierlech nees live mat dobäi. En Dënschdeg kënnt Dir op RTL ZWEE an am Stream op RTL.lu de Match Manchester City géint Borussia Dortmund kucken an e Mëttwoch gëtt d'Partie Bayern München géint de PSG iwwerdroen.

Fir Iech op d'Véierelsfinallen anzestëmmen, kënnt Dir bei eisem Champions-League-Quiz Äert Wëssen iwwert d'Kinneksklass op d'Prouf stellen.