
D’Éislek huet vill ze bidden, wann et ëm regional Produiten, Spezialitéiten oder Degustatioune geet. Sief et wärend enger Visite Guidée oder Atelier fir déi ganz Famill, hei kënnt jiddereen op seng Käschten. Duerfir passt et, dass déi national Campagne vum Tourismusministère „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz!“, sech dëst Joer ganz dem Thema vum lëtzebuergeschen Terroir gewidmet huet.
Den Norde vu Lëtzebuerg ass bekannt fir duerch déif Däller a gring Bëscher ze wanderen, souwéi wäit Ausblécker iwwert d‘Éisleker Koppen ze genéissen. Mee och a punkto regionale Produiten huet d’Éislek ganz vill ze bidden. Wien verbënnt een Dag an der Natur net och gäre mat kulinareschem Genoss!
D’Landwirtschaft an déi regional Produkter si säit jeehier feste Bestanddeel vun der Regioun a gehéieren zur Identitéit. Iwwert d’Regioun verspreet fënnt ee souwuel grouss ewéi kleng Produzentebetriber. Eng Rei vun de Betriber maachen hir Diere fir Visiteuren op a ginn esou Ablécker an traditionellt Handwierk.
Wéi gëtt Téi gedréchent a kënnt duerno an d‘Téisäckelcher? Wéi ginn traditionell Lëtzebuerger Drëppe gebrannt? Wéi entsteet aus Som Moschterkären? All dës Froe gi wärend engem Besuch beim Produzent direkt beäntwert.
Wärend enger Visite Guidée huet een d’Chance déi passionéiert Produzente besser kennen ze léieren, déi mat vill Engagement hiert Wëssen a Wäerter weider ginn. Esou léiert een net just vill Neies, mee et erlieft een d’Éislek Regioun op eng aner Aart a Weis.
Entdeckt d’Éisleker Produzenten

Och fir déi méi kleng Visiteure ginn am Éislek eng sëllegen Aktivitéiten ugebueden, fir d’Regioun op eng spilleresch Aart a Weis kennen ze léieren. Fir ee Familljendag fënnt een esou eng grouss Panoplie fir dobaussen een Dag ze verbréngen.
Eng Ieselswanderung, eng Visite um Bauerenhaff oder een Nomëtteg bei den Alpakaen si just e puer Iddien, wou d‘Kanner d’Méiglechkeet kréien, aktiv deelzehuelen, ze léieren an ze staunen.
Fannt hei Familljenaktivitéiten

Ob et just fir een Dag, ee Weekend oder fir länger ass, d’Éislek bitt vill Méiglechkeete fir aus dem Alldag erauszekommen, Vakanz heiheem ze maachen an ze genéissen.